Arithmetik

D'mënschlecht Gehir ass gläichzäiteg ee formidabele Computer, an een zimlech limitéierten Outil fir d’Welt ze verstoen. Méi wéi 4 Dimensiounen, a mir sinn erschoss. Komplex Rechnungen, a mir kréie Kappwéi. Ech kennen net wéineg Leit, déi ugefaangen haten, dem Hawking seng kleng Geschicht vun der Zäit ze liesen, an d’Saach iergendwann opginn hunn, well dem Professer säin Text mat all Säit méi abstrakt gëtt, an eist Virstellungsverméigen dann oft net méi duergeet, fir nach matzekommen. Mä et muss nach net emol Quantephysik sinn. Vill vun eis si scho mat normaler Arithmetik iwwerfuerdert. Mat tragesche Konsequenzen.
Viru kuerzem hunn ech ee Bléck op mäi Spuerbuch gehait, an op den Zënssätz, a mech gefrot, wéi vill Joer et brauche géif, bis déi puer Su sech verduebelt hätten. D'Resultat vun der Rechnung war net ganz witzeg: wann d'EZB net gläich d'Zënsen eropsetzt, wäert ech et net méi erliewen.
Fir mech vun deem Schock ofzelenken, hunn ech mech dunn ameséiert, déi Rechnung och mol op aner Gebidder ze iwwerdroen, a mer d'Fro ze stellen: Bei konstantem Wuesstem, wéi laang brauch et, bis de Basiswäert doubléiert ass? Huele mer eise Pensiounssystem. Fir dass deen d'Strooss hält, brauche mer all Joer 3% Wuesstem, an 1,5% méi Aarbechtsplazen. 3%, dat kléngt net no vill. Vun 1,5 scho guer net ze schwätzen. Op d'mannst esou laang net, bis ee mol d'Rechnung mécht. Da realiséiert een nämlech, dass dat näischt anescht heescht, wéi dass sech eis Wirtschaftsleeschtung iwwert den Daum all 23 Joer verduebele muss. Dat heescht och, dass a manner wéi 50 Joer méi wéi duebel sou vill Leit am Land schaffe mussen, wéi dat haut de Fall ass. Op déi dann all an den Tram oder d'Seelbunn passen, sief mol dohinner gestallt.
Mä zréck bei d'Thema. Wa muer eng Firma eis zielt, si géif op 2-stellege Wuesstem setzen, dann ass dat just eng aner Aart a Weis fir ze soen, dass se hiren Ëmsetz bannent 10 Joer carrément verdräifache wëll. Kee Wonner, dass bei ville Schüler d'Mathé net grad ganz beléift ass. Do kommen heiansdo Saachen eraus, déi si scho bal fir ze fäerten.
(Déi vereinfacht Formule ass iwwregens : T = 70 gedeelt duerch de Prozentsaz, woubäi „T“ d'Jore sinn bannent deenen d'Basis sech verduebelt huet.)