Häerzblutt

Et ass mat dat Liewenswichtegst, wat mir Mënschen hunn a mir ginn et och nëmmen dann hier, wann et wichteg ass. Anscheinend och online, mengt d'Christiane Kremer am Apropos vun haut.
„Heartbleed“ sou e wäertvoll Wuert fir eng virtuell Pann? Dat war meng éischt Reaktioun, wéi an de leschten Deeg sou vill iwwer den neiste Software-Feeler geschwat a geschriwwe gouf, och wann dee Feeler net esou nei ass, mä schonn 2 Joer dorëmmer geeschtert. Onbewosst? Oder dach gewosst vun deenen, déi en Notzen dra gesinn hu fir geheim Informatiounen a Passwierder ze knacken, ouni datt et emol opfält? Ech sinn net Expert genuch an der Matière, fir mech elo opzereegen, respektiv am Detail doriwwer ze lamentéieren oder ze informéieren. Dat iwwerloossen ech gär deenen, déi méi dervu verstinn.
Ma grad do läit da schonn d'Kromm an der Heck: Kann ech dat einfach deenen aneren iwwerloossen, well se méi dervu versti wéi ech? Muss ech net och mäin Häerz a meng zwou Hänn huelen an emol nosichen, wat do schif gelaf ass? Hunn ech gemaach a geléiert, datt verschlësselt Verbindunge regelméisseg Daten hin- an hierschécken, fir sécher ze sinn, datt op deenen zwou Säite jiddereen nach online ass. Dës Funktioun dréit den Numm „Heartbeat“- also Häerzschlag. An dat gutt Häerz schléit net nëmmen, mä blutt anscheinend och, well et riskéiert ausgenotzt ze ginn, fir nach aner Informatiounen oder Passwierder ze knacken. Dofir also Heartbleed.
All Kéier wann ech elo dat bluddeg gemooltent Häerz vun „Heartbleed“ gesinn, denken ech awer net just un de Server-Bug, mä iergendwéi och un all déi engagéiert Mënschen, déi hiert ganzt Häerzblutt an eng Initiative, eng Aarbecht, eng Cause, en Engagement oder en Hobby stiechen. Gëtt dat um Enn net och heiansdo ausgenotzt vun deenen, déi sech op aneren hirer Energie ausrouen?
Oder ech iwwerleeën, wat mer den Ament um Häerz läit, zum Beispill dat, wat mech bedréckt. Oder dat, wat mech frou mécht. Besonnesch dacks leien engem Mënschen um Häerz, an nach méi dacks huet een d'Gefill, déi ze vernoléissegen. Dofir hunn ech mer elo mol virgeholl, och do d'Funktioun „Heartbeat“ nei z'aktivéieren an einfach ze kucken, ob nach jiddereen online ass. Also dat heescht: einfach emol nofroen, wéi et geet. Am beschten direkt, dat muss jo keng zwee Joer daueren.
Et war wuel awer net falsch deem komplizéierte Softwarefeeler esou en emotionalen Numm wéi „Heartbleed“ ze ginn. Sou hunn ech emol meng Kontakter iwwerpréift. Net nëmmen déi virtuell.