Ruanda

U Gebuertsdeeg gëtt sech an der Regel gären erënnert a si gi genausou oft gefeiert. Bei Joresdeeg ass dat éischter net de Fall, sou och beim 20. Joresdag vum Genozid am Ruanda. Nodeems dem deemolege President Habyarimana säi Fliger erofgeschoss gouf, e Virfall dee bis haut net gekläert ass, hu sech de 7. Abrëll 1994 radikal Hutu op de Wee gemaach, fir mat Knëppelen a Macheten e regelrechte Vëlkermord auszeléisen. Bannent den éischten honnert Deeg hunn déi extremistesch Hutu méi wéi 800.000 Mënschen néier gemetzelt. Et war e regelrechte Massaker virun allem un den Tutsi, der ethnescher Minoritéit an deem ostafrikanesche Land.
An deem Kontext hänken zënter dem Joresdag zu Den Haag am Atrium vum Stadhaus eng Rei Fotoen, déi vun der nächster Woch un am 'Het Nutshuis' als ganz Ausstellung bis Mëtt Juni ze kucken ass. Sujet vun de Biller sinn ëmmer zwee Mënschen, där hir Geschicht et bal onméiglech, wann net esouguer ondenkbar mécht, datt se sech zesumme fotograféiere loossen – Täter an Affer stinn hei beieneen.
Op enger Foto leet eng Fra hir Hand op d'Schëller vun deem Mann, dee virun 20 Joer hire Papp an hir dräi Bridder ëmbruecht huet. Op enger anerer ass eng Fra an e Mann ze gesinn, wou deem säi Papp der Fra souwuel hire Mann wéi och all Kanner um Gewëssen huet, woubäi Detailer oft wäit iwwert dat eraus ginn, wat ee sech ënnert enge grausamer a grujelecher Wierklechkeet virstelle kann.
Sou ass op all Foto en Hutu, dee sech als Täter, bei engem Iwwerliewenden Tutsi entschëllegt huet, an dëse Pardon och zréck kritt huet. Och wann op ville vun dëse Fotoe wéineg bis guer keng Wäermt tëscht dësen zwee Mënschen ze entdecken ass – sou sti se dach beieneen a versichen hire Fridde mat der Vergaangenheet ze fannen, souzesoen eng aner Form vun Reconciliatioun.
Sou gesinn ass et wichteg a richteg ëmmer erëm un déi schwéier an däischter Momenter aus eiser Geschicht ze erënneren; an all Erënnerung déi net stattfënnt, aus wéi enge Grënn och ëmmer, mécht Platz fir ze Vergiessen. Eng Qualitéit déi enger Wëssensgesellschaft, wéi Lëtzebuerger se och wëll ginn, sécher net gutt zu Gesicht steet.
Link: www.rwanda20years.org