ABBA

De 6. Abrëll waren et 40 Joer, dass ABBA mam Lidd Waterloo de Grand Prix Eurovision de la Chanson gewonnen hunn; 2 Joer hat d'Marie Gales deemools an hat dat net richteg matkritt ...
Dofir sinn ech lues awer sécher déi Joeren dono zum groussen ABBA Fan mutéiert, wéi vill Leit an de 70/80er Joeren. Natierlech gouf et och déi, deenen déi 4 Museker aus Schweden op de Wecker gaange sinn..egal.. ABBA haten sou gutt wéi all Pop-Begeeschteren am Grëff. Dës läscht hunn ech fir de 40. Anniversaire vum Succès beim Eurovision Song Contest, wéi dëse Musek-Concours haut heescht, eng Extra Sendung gekuckt an do hu mir e puer Saachen ze denke ginn…
Wee kéim haut op d’Iddi fir sech an décke wëllene Jacketten an engem Videoclip ze weisen oder nieft engem Schnéimännchen ze sëtzen an sech soss net ze beweegen? Haut ondenkbar. Keng schnéiwäiss Zännkrounen, kee Botox a net de perfekte Maquillage, mä dofir dacks bizar an ze kleng Kostümer, Coupe Moupe an déi net astudéierst Danz-Choreographien, hunn ABBA ausgemaach, wat se waren. Staren, déi sympathesch an natierlech eriwwer komm sinn. Dat Bescht un der Saach, si konnte wierklech sangen...
Natierlech de Marketing vun ABBA ass schonns richteg gerullt an et gouf vill iwwert si geschriwwen a gewisen, schliisslech sollt och eppes verdéngt ginn an dësem Musekbusiness. Allerdéngs wann ech Benny, Björn, Agneta an Annifrid nieft Megastare vun haut kucken, da sinn ech frou, dass ech viru laanger Zäit Kand a Fan war...haut ass dat mir ze ustrengend an ze langweileg.
Nonstop gëtt et ee vu Rihanna, Justin Bieber a Co drun erënnert, si dach net ze vergiessen. Sief et well si sech an hirer neister oder klengster Ënneschtbox um Internet weisen oder ze séier Auto fueren an dowéinst am Prisong landen an och dat muss séier mat engem Selfie gepost ginn.
Ech hu mech gefrot, ob ABBA twittere géifen, dass si och Fan vun der Stad Waterloo sinn oder hir neitste Wimperverlängerung op Facebook géife setzen?? Bestëmmt...gutt dass et dat deemools dofir net gouf.
Ech hu mech just op 4 Buschtawe misste konzentréiere, an ah jo op hir Musek, am Fong dat Wichtegst bei Museker.