175 Joer Onofhängegkeet

Dëse Weekend hu mer mat grousser Euphorie a vill Pomp 175 Joer Onofhängeg gefeiert. Ech hunn doheem ee Buch vun 1909, Illustrierte Länder- und Völkerkunde, Merkur, Berlin, - déi Eeler ënnert eis erënneren sech, ee Buch, dat ass sou eppes wéi een iPad oder ee Kindle, just e bësse méi déck, an ouni Batterie, a fir no ënnen ze scrolle muss ee Blieder ëmdréien - do steet dat hei : "Die Bewohner Luxemburgs sind durchweg deutschen Stammes, doch wird in den gebildeten Volksklassen fast ausschliesslich Französisch gesprochen. Kein Wunder, dass Luxemburg in dem letzten deutsch-französichen Kriege starke Neigung zeigte, sich Frankreich anzuschliessen (...)“. En Français svpl war deemools schick.
Och soss war villes anescht. Nieft der Stolindustrie, weess d'Buch, hu mer eis d'Geld virun allem op de Felder verdéngt : “immerhin (...) ergibt die Ausfuhr von Pferden und Rindern namhafte Einnahmen.“ An anere Wieder : et war net wäit hir mat eis. An awer si mer nach do – a gutt dobäi ! An dofir froen ech mech : wéini si mer sou Läppercher ginn ? Wéini hu mer vergiess, dass d’Welt sou schnell net ënnergeet, just well iergendwou e Sak Räis emfällt, am Éislek eng Bott Hee vum Unhänger trëllt, Arel un d'Belsch geet, oder d'TVA méi deier gëtt ? An der Zäit hu mer gär de Geck mat de Fransouse gemaach, déi fir all Klengegkeet „en colère“ sinn, déi zu Zéngdausend d'Champs Elysées erofmarschéieren, an streiken, just well Toilettepabeier fehlt. Wann dem Stéphane Hessel säin “Indignez-vous” net réischt 2010 erauskomm wär, kéint ee mengen, dass et säit Jore bei eis um Schoulprogramm stéing. Et brauch an der Läscht guer net vill, hunn ech den Androck, dass mer eis net nëmmen indignéieren, mee carrément Hysterie ausbrécht.
Et geet duer, dass ee Minister haart iwwert eng Reform nodenkt, a schonns gi Biller gemoolt vun enger düsterer Zukunft, an där et näischt ze räissen an ze bäisse méi gëtt, d'Cafeeën all Faillite ginn, kee méi studéiere geet, kee sech méi eppes leeschte kann, d'Leit all keng Kanner méi kréien, an d'Autoe just nach eemol de Mount gewäsch kenne ginn. Wann dee sougenannte Schülerstreik des Woch näischt bréngt, fäerten ech, dass Verschiddener wirtschaftlechen Asyl ufroe mussen an engem vun eisen Nopeglänner, oder am Congo. Dobäi sollten eis 175 Joer Onofhängegkeet dach gewisen hunn, dass och a schwéieren Zäiten den Avenir nach Zukunft huet !