Viru Kuerzem war ech zu Casablanca. Eng vun deene Stied, wou ee wéinst dem Numm higeet. Wéi Timbuktu, Montevideo, Manaus, Axum, Samarkand, Isfahan, Nimm, déi legendär kléngen – a wann ee bis do ass, dann ass et oft net méi sou wäit hir domadder. Wat net heescht, dass et do näischt ze léiere géif. Den ale Stadkär vu Casablanca ass zimlech erofkomm, mee si hunn ee fonkelneien Tram. Dee soll hëllefen déi dreckeg Dieselbussen aus der Stad erauszehalen. Dat kënnt engem iergendwéi bekannt vir.

Och wat den Taxi betrëfft, ass Casablanca eis viraus. Natierlech ginn et do déi grouss Mercedes Taxien, wéi mir se kennen. Bal genee sou deier. Just 30 Joer méi al. Mee dann hunn se och nach, wat si den „Petit Taxi“ nennen; den Numm ass Programm. Peugeot 205en, Fiat UNOen, Dacia Sanderoen. Kleng, an dofir bëlleg. An nawell Plaz fir 4 Passagéier. Eng perfekt Léisung eigentlech, wann et net den orientalesche Sënn fir d'Geschäft géif ginn. Fir Strecken, op deenen den Taximeter just ee klenge Montant uweise géif, ass den Taximeter miraculéisement en panne. An da ginn d'Diskussiounen un, iwwert dat, wat ee faire Präis ass. An iergendwéi schéngt do ee soziale Critère an d'Spill ze kommen. Wie méi huet, oder sou ausgesäit wéi wann e méi hätt, soll och méi bezuelen, wéi een, dee manner huet, besser verhandele kann, d'Präisser um Marché kennt, oder méi ee laangen Otem huet. Den Taxi als Allegorie op d'Liewen an der Gesellschaft.

Wat den éischten Dag nach witzeg ass, fänkt allerdéngs mat der Zäit un ustrengend ze ginn. An da ginn et zwou Méiglechkeeten : entweder guer net méi Taxi fueren, well och wann et nëmmen ëm 50 Cent geet, wie léisst sech scho gär uschmieren ? Oder e Präis bezuelen, vun deem ee weess, dass en ze héich ass, mä wéinstens brauch een net ze Fouss ze goen. De Präis vun der Rou, souzesoen. Tiens, oder eng drëtt Méiglechkeet: einfach den Tram huelen. Anscheinend sinn d'Leit zimlech frou domadder, lo wou se deen hunn. D'Taxichauffer versti bis haut nach net firwat, bréngen et awer nawell nach ëmmer fäerdeg iwwer d'Ronnen ze kommen. Wat se am Kinnegräich Marocco hi kritt hunn, dierft jo dann och fir eis ze packe sinn …