Wéi dacks kréie mer gesot: „Geséi dach net esou schwaarz, dat geet schonn“...

Also éierlech, ech di mech jo och zimlech schwéier mat dem „opgesate Positivismus“, ma viru kuerzem krut ech eng gutt Lektioun mat op de Wee, déi mer gewisen huet, datt een, wann een dat Gutt mol fir d'éischt erkennt, ee besser mat dem, wat ee bedréckt kann ëmgoen.

E gudde Frënd ass zanter enger Zäit mat engem Gelenk geplot an trotz aller Méi an allem Gepléischters koum et net zu enger Besserung. E wor kloer op d' Hëllef vu Fachleit a Spezialisten ugewisen an esou ass de Wee duerch 4 Instanzen ugaang.

1. Fachmann, lapidar „ bäi dengem Alter brauchs de dech net ze wonneren, Arthrose an Oofnotzung, dat do schéngt mer zimlech aussichtslos, ma passéier nach bäi mengem Confrère, den ass spezialiséiert op dat do Gelenk.“
2. De Spezialist: „Wéi meng der dir géift gär d' Muskulatur stäerke fir d' Gelenk z'entlaaschten... a wouvun dreemt der Nuets, do hëlleft just nach en anti-inflammatoire“. Den 3. huet gemengt, „ech maachen iech Infiltratioune ma un a fir sech gleewen ech net datt et eppes bréngt.“
Dat do ass d' Ultrakuerzfaasung vun deem Negativtrip a mech wonnert et, datt een duerno net einfach d' Bengele bäi Tromm geheit a sech a sengem Schicksal ergëtt.
Ma et feelt jo nach een an der Rei an deen, huet wuel Diagnose vun deenen anere confirméiert, ma d' Aart a Weis, wéi en et gemaach huet, ass beispillhaft. En huet sech fir unzefänken, mol richteg Zäit geholl, den Dossier a Rou gelies, d' Biller gekuckt a sot dunn: „ Är Muskulatur gesäit ganz gutt aus an är Schanke sinn am Fong nach ganz gesond......“ Je ech erspueren iech elo déi ganz Diagnose, ma et wor deen éischten, deen emol dat ganzt positiivt Ëmfeld vum Patient duergestallt huet, fir duerno op d' Sich no der Ursaach vun der Péng ze goen; déi wor jo zimlech evident an un där Tatsaach konnt a wollt hien och net fréckelen. Ma wat en erreecht huet, en huet sengem Patient ze verstoe ginn, datt net alles schlecht ass an datt e ganz kloer mat Ausdauer an Energie eppes ka maache fir seng Péng z'erliichteren, Wonner huet e keng versprach. Dem Patient ass et och nach net vill besser, ma en ass motivéiert an eppes hu mer Allenzwee aus där Erfahrung geléiert: Fänk mol mat dem Positiven un, fir dat Negatiivt bleift souwisou ëmmer Plaz genuch.