De Sonnebrëll

Et ass Fréijor, d’Sonn kënnt ëmmer méi oft ëmmer méi laang eraus, an domadder och … d’Sonnebrëller. U sech keng nei Erfindung. Zanter dem 15. Jorhonnert ginn et se, mee sou richteg populär si se réischt zanter den 30er. An dat läit net alleng dorun, dass se praktesch sinn, fir net geblennt ze sinn. De Succès vum Sonnebrëll ass grad, dass een domadder blende kann. Oder gëtt et soss ee Grond, owes an der Disco d’Aen hannert däischterem Glas ze verstoppen ?
Och fir Diktatoren an aner Krichshären ass de Sonnebrëll een indispensabelen Accessoire. Erënnere mer eis un déi ikonesch Photoe vum Saddam, vum Gaddafi, vum Assad. Wat hu se gemeinsam? De Sonnebrëll. Lo komme se natierlech aus Länner, wou vill d’Sonn schéngt. Mee dat gëllt och fir de Che. Dee par konter huet et gepackt ee Sexsymbol ze ginn. A firwat? Well et keng bekannte Foto vum Che mat Sonnebrëll gëtt. Kënne sou schéin Ae léien? An deem Sënn och d'Feststellung, dass wann d'Press an de leschte Wochen een Artikel iwwer de Russemonopoly an der Ukrain huet missen illustréieren, dann huet se net ongär op ee Bild vum Vladimir Vladimirovich mat verspigelte Sonnebrëll zréckgegraff. Dee Cliché wierkt einfach besser.
Mat getéintem Glas op der Nues téint et sech ebe besser. Da gesäit ee schonn alleng bei Interviewe mat Museker, souguer bei deenen, déi guer net blann sinn. Oder passend zur Situatioun an der Ukrain, Pokerspiller. Woubäi ech mer zimlech sécher sinn, dass dat just fir d'Tournéier op der Tëlee gëllt an net fir international Konferenzen. „Jongen, de Jang deet de Sonnebrëll un, lo ginn d'Verhandlungen an déi serieux Phase“. Iergendwéi kann ech mer dat net virstellen. D’Brëller ginn, komescherweis, ëmmer méi grouss.
De John Lennon war bekannt fir seng kleng ronn Glieser. Haut hale se net méi op mat wuessen. Wann dat nach e bëssen sou weidergeet, da schwätze mer vun engem getéinten Helm. Daft Punk hunn et virgemaach. An domadder glat bei den Emmys ofgeraumt. Wann dat bis eng Kéier Mainstream gëtt, dann däerfen d'Optiker sech freeën. Just fir d'Wanderverkeefer op der Plage dierft d'Liewe méi schwéier ginn. Déi missten sech dann eng Schubkar kafen, fir déi nei, original Ray Banane Helmer ze transportéieren. Good Price for you my friend, I swear !