25 Joer Game Boy

Viru 25 Joer huet eng Entwécklung hire Laf geholl, déi d'Welt bis haut nohalteg verännert huet. Ech schwätzen net vum Fall vun der Berliner Mauer. Ech schwätze vum Gameboy. 1989 ass deen op de Marché komm, a zënterhier hu Generatioune vu Kanner net méi opgekuckt. Deemools war de Schierm nach gréngelzeg mat gro a ville Pixelen, haut ass e Retina a weist méi Fuerwen, wéi d'A gesäit, mee de Prinzip ass dee selwechten. Fréier konnt ee mam Gameboy zwar net telefonéieren, haut geet dat am Prinzip mat all Smartphone, mee kaum ee mécht et.
D'Maschinn ass eng aner, den Elteren hir Wieder sinn déi selwecht: „Kanns de dat Déngen net mol eng Kéier ewechleeën? Kanns de net wéinstens beim Iesse mol ophalen ëmmer op déi Knäppercher ze drécken? Du wärs dach op d'mannst hei op der Bom hirem Begriefnis mol ee Moment kënnen ophale mat Spillen! Wann d'Punkten net gläich besser ginn, dann huele mer der dat Dénge mol eng Woch ewech!“ Et huet deemools, wéi haut, näischt genotzt. Gameboy spillen 1989 oder um Handy 25 Joer méi spéit, deen eenzegen Trouscht dee bleift ass, dass se iergendwann do erauswuessen. An dann eng Playstation wëllen. Oder eng Xbox. Oder béides.
Et ass awer net sou, wéi wann een um Gamboy näischt hätt kenne léieren. Mat Tetris zum Beispill hunn ech mer Kompetenzen untrainéiert, déi haut nach immens nëtzlech sinn, wann et drëm geet d'Spullmaschin anzeraumen oder d'Akaafstuten an d'Mall vu mengem Mini ze paken. Oder Super Mario. Ee Spill, bei deem ee geléiert huet, dass och eng räich Prinzessin alt mol op d'Hëllef vun engem klengen Handwierker kann ugewise sinn. Dass et am Liewen net alleng dorëmmer geet säi Wee ze maachen, mee och zur Zäit do unzekommen. Dass net all Champignone Magic Mushrooms sinn. Dass ee keng Angscht brauch ze hunn, fir grouss Spréng ze maachen. An dass et net onbedéngt ee Problem ass, wann ee mol an de Rouer kuckt. Alles Lektiounen, déi ee weder bei Candy Crush, nach bei Flappy Birds léiere kann.
An nach eppes: Mat engem Gameboy konnt een e ganzen Dag duerchspillen, ouni d'Batterien opzelueden. Oder iergendeen Update ze maachen. D'Kanner vun haut kënne mat hiren Iphonen an Androiden vu sou eppes nëmmen dreemen...