Gréisstenuerdnung

Montréal – Sherbrooke Street – virun ech weess net wéi wéi vill Joer. D'Chambre d'Hôtes wär op der Nummer Zéngdausend an iergendeppes. Vuerwëlzteg wéi ech sinn, hunn ech mech gefrot, wéi laang eng Strooss mat Hausnummeren iwwert 10.000 eigentlech ass. De Kanadier wor sech net ganz sécher awer 36 Kilometer wieren et op d'mannst. Ech muss wuel iwwerrascht oder soss bosseg dragekuckt hunn, well ech gouf direkt gefrot wou ech dann géif hierkommen. De Versuch Lëtzebuerg als Land mat gutt 90 op 60 Kilometer ze verteidegen wär net evident, an ech si mer bis haut net sécher op den aneren net geduecht huet ech géif him nawell eng fatzeg kréckelen. Wei ech dunn e puer Deeg méi spéit beim Saint Laurent stoung, am Québec wuelverstanen, an dat anert Ufer net konnt gesinn, huet déi selwecht Fro als Äntwert 25 Kilometer erginn, wann och dës Kéier an der Breet. Op en Neits wor et schwiereg 2.500 Quadratkilometer als souveräne Staat ze verkafen. D'Leit wären alt sou héiflech, respektiv diplomatesch genuch ze behaapte si hätten awer schonns vill vu Lëtzebuerg héieren.
Zënter hier hunn ech mech nawell dacks gefrot, ob mer eis an der Primärschoul bei de Längenmassen, wéi och bei de Gewiichter souvill bei de Millimeter an Zentimeter wéi och Gramm, Pënner an Hallefpënner opgehalen hunn, well mir sou kleng sinn, datt ee Kilometer egal wéi op d'mannst 1 Prozent vun der gréisster Distanz bannent eise Grenzen duerstellt.
Sou ass et fir eis normal Wiese mat enger hallwer bis 3 Dose Kéi ze gesinn a sech ze froen, wéi Betriber mat e puer dausend Béischter iwwerhaapt funktionéieren. Déi selwecht Fro stelle mer eis bei Tunnelle vu méi wei engem Kilometer. Mir sinn och net gewinnt an enger Schlaang ze stoen also ze waarden, mol ofgesinn vun dem engem oder anere Stau am Auto - mat deem mer souwisou gewinnt sinn direkt eng Parkplaz ze fannen. Datt an de Busser iwwert d'Land gefillt, nëmme 5 Leit sëtzen wonnert och keen.
Wann also méi wéi zéngdausend jonk Leit sech zu Lëtzebuerg zesummefannen, fir hir Meenung matzedeelen – dat och nach ganz friddlech - dann ass dat schonns aussergewéinlech. Dat et sech och nach ëm e Protest géint en Gesetzprojet handelt - den 6670 – schwätzt och fir de Profil vun eiser Jugend. Hoffentlech gëtt Politik hirem neien Profil vun Dialog an Abannung vum Bierger och gerecht!