Iwwermuer ass den 1. Mee - dat ass natierlech emol den Dag vun der Aarbecht, deemno e Feierdag, an och nach een, deen dëst Joer erlaabt, d'Bréck ze maachen, well en op en Donneschdeg fält. Fir de Rescht kann ee sech awer och emol d'Fro stellen, ob nach gewosst ass, wat den Dag vun der Aarbecht eigentlech als Bedeitung huet. Am Apropos vun haut befaasst d'Christiane Kremer sech och mam 1. Mee, awer mat enger anerer Traditioun ...

AUDIO: 29/04/2014 Apropos "E Schrack Viraus"

Zum 1. Mee gehéiert awer och nach eng schéin Traditioun, déi vum Meekranz. Eng Traditioun, déi op d'mannst sou al ass wéi den Dag vun der Aarbecht. De Gebrauch, Gréngs an de Bësch sichen ze goen, e Kranz ze maachen an dann an den Dierfer vrun déi offiziell Haiser oder och Wiertschaften ze hänken, hat sech aus den Traditioune vum Meebam aus Däitschland an dem Meestrauss aus Loutrengen eraus entwéckelt. Dëst Joer dierften sech d'Veräinsleit, déi an de Bësch e Meekranz siche ginn, net vill Gedanke musse maachen, fir genuch Laf ze fanne fir an de Kranz. Am Géigendeel, si kënne scho bal e Blummekranz bannen a matbréngen, well, wéi gëtt gesot, d'Natur ass e Mount am Viraus.

De Wanter, deen net sou richteg ee war, an d'Fréijoer, dat quasi hyperaktiv ass, loossen d'Natur richteg explodéieren. Et huet een d'Impressioun, datt alles matenee blitt an alles matenee flitt.

Sou schéin déi Fréijoersambiance a Fréijoersgefiller sech och positiv op eis Moral auswierken (ausser et ass een allergesch op Pollen), sou komesch ass dann awer dat Gefill am Hannergrond. Opgefall ass mer dat vrun zwee Deeg, wéi ech bei enger rouder Luucht stoung an du laanscht de Wee op eemol eng Karblumm gesinn hunn, sech an hirem schéinste Blo ze weisen. Karblumme gehéieren definitiv zu menge Liiblingsblummen, mä iergendwéi war d'Freed net ganz sou onbeschwéiert. Ech hat einfach d'Impressioun, wéi wa mer eppes géing feelen, e Puzzlestéck net op senger Plaz wier.

Et ass de Wanter, dee feelt - en ass aus der Rei gefall, ausgefall, huet sech net gemellt an net gewisen, ouni sech ofzemellen. An elo streide sech wuel déi aner Joreszäiten, fir seng Plaz ze kréien, a Fréijoer a Summer bretze sech mat hire beschten Argumenter.

Bleift ze hoffen, datt net op eemol de Wanter awer nach emol aus sengem Schlof erwächt a seng Äishelleg schéckt. An dann ass d'Sprachwuert wuel fir eemol ëmgedréint: Wien ze fréi kënnt, dee bestrooft d'Liewen.

Allerdéngs wier den 1. Abrëll fir e Meekranz wuel ze fréi gewiescht. Dat hätt wahrscheinlech och kee gegleeft.