Kloer an Onkloer

Kenn der dat? Dir stitt virum Glacebuttek oder huet Dessertskaart am Grapp an et ass eenzock kloer, also evident, wat der net wëllt: keng Pistache, kee Parfum Bananne, kee Sorbet. Dogéint ze wëssen op der elo léiwer Vanille, Chocolat oder awer RhumRaisin wëllt – déi Entscheedung fält eis allgemeng vill méi schwéier. Déi selwecht Problematik weist sech och bei méi fundamentalen Liewensfroen: D'Fro wat eis glécklech mëscht kënne mer net mat Sécherheet beäntweren – et ass iergendwéi onkloer. Dogéint huet jiddereen kloer a präzis Virstellungen dovunner wat Gléck verhënnert, zerstéiert a futti mécht.
Dës Asiicht ass fundamental – an wéi sou oft net nei. Et ass déi sougenannten „negativ Theologie“, déi hiren iwwerliwwerten Ufank beim Platon huet, an sech vun de Griichen iwwert d'Réimer bis an Mëttelalter wéi e roude Fuedem duerch déi europäesch Denk- an domadder och Kulturgeschicht zitt. Natierlech ass et hei net ëm Glacen oder Gléck gaang, dofir ëm d'Fro vu Gott an zwar dorëms, dat een nëmmen soen kinnt, wat Gott net ass. D'Fro wat en dann ass konnt net beäntwert ginn- well bei dëser Fro och nëmmen déi klengsten Onkloerheet aus munche Grënn net akzeptabel wär.
Haut priméiert oft de Glawen un den Erfolleg – den eegenen wuelverstan – an do ass dës Approche „par élimination“ och nach ëmmer aktuell. Et fält eis méi einfach kloer ze soen wat Erfolleg bremst a verhënnert – a méi muss een eigentlech och net wëssen. Sou gesinn huet et och net vill Wäert ze léieren wéi e schwiereg Problemer léisst mä villméi soll e léieren wéi ee laanscht sou grouss Schwieregkeeten kënnt, sou dat am beschte Fall guer net dozou kënnt.
Sou hat schonns den Aristoteles an senger „nikomakescher Ethik“ gesot: Ziel vum weise Mënsch wiert et net „Gléck ze erreechen, mä Ongléck aus dem Wee ze goen.“
Wien sech awer elo kee sou e Klassiker, also schwéier Lektüre, verdréit oder wëll undoen déi kann sech mam Rolf Dobelli hëllefen. Deem seng Bicher iwwert Konscht vum kloren Denken respektiv Handelen loossen sech och Owes am Bett nach liesen oder soss op Plazen, wou en all Dag muss hinn, an gemengerhand net méi wei e puer Minutten Zäit huet – eng Plaz déi et bis ewell nach net als digital Plattform gëtt.