Klassesch Musek ass net jidderengem senges. Ëm sou méi schéin ass et, wann ee se ka mat Gläichgesënnte lauschteren. Apropos Gibbes Bertolo

AUDIO: Apropos

E klassesche Concert, freides owes an der Philharmonie - de kulturellen Highlight vun der Woch. Ech hat mer meng Plaz (jo, am léifste genéissen ech déi Musek alleng) scho laang am Viraus reservéiert, deementspriechend war och d'Virfreed. Zwee mol Tchaikovsky, ee vu menge Favoriten. Zwee monumental Wierker, haut géing ee soen: Hits ... d'Symphonie pathétique an dee berühmte Pianosconcerto. A fir eng Kéier souz ech relativ vir, an der sechster Rei, mat perfektem Bléck op Dirigent a Solist.

Den Orchester kënnt eran, stëmmt sech an, am Sall kontrolléieren d'Leit nach séier eng leschte Kéier hire smarten Telefon, ier se 'n bis d'Paus mussen ausloossen, et héiert een nach vereenzelt Nuesen déi gebotzt ginn a lescht Krazerten déi aus der Strass gehouscht ginn, an da kann et lass goen.

Ech kucken nach kuerz wien nieft mer sëtzt: lénks eng ganz attraktiv Damm mat hirem Begleeder, riets ... e Bouf, mat sengen Elteren. Flott, denken ech. Datt déi Jonk sech nach fir Klassik kënne begeeschtere. Oder hu Mamm a Papp iere gemengt, se missten deen aarme Jong matschleefen an der Hoffnung, datt en iwwert dee Wee dach nach seng klassesch Oder entdeckt? De Verdacht läit no, e gesäit och scho ganz generft aus. Deen Aarmen, e wär och elo bestëmmt léiwer doheem a senger Kummer mat Laptop oder Wii. Egal, an elo gëtt sech op d'Musek konzentréiert.

No e puer Minutten, beim éischten "pianissimo", héieren ech et. Mäi jonken Noper otemt déif a fest duerch d'Nues. E Geräisch - kee Kaméidi - dat sech elo a mengem lénken Ouer installéiert huet an net méi eraus wëll. Héieren déi aner ronderëm et och ? Keng Ahnung, ech mengen zwar net, well e sëtzt jo direkt tëscht mir a sengen Elteren. Deene fält dat jo net méi op, se sinn et gewinnt. A wat gëtt dat elo an deenen nächsten zwou Stonnen ? Soll ech direkt eppes soen ? Oder d'Plaz wiesselen ? A jo, ausverkaf ! An u sech huet deen aarme Kärel jo näischt verbrach, e ka jo net dofir. En otemt just. Wat ass dogéint ze soen ...

Ech krut mech am Laf vum Owend dach nach iergendwéi op den Tchaikovsky konzentréiert, mä et huet laang gedauert. Nom Concert hunn ech matkritt, datt mäi jonken Noper mat där intensiver Ootmung sengen Eltere ganz begeeschtert vun dësem an deem Passage geschwäermt huet. E Kenner also. An e Genéisser. Chill an der Phil. Esou geet dat also. Ech weess et da fir déi nächste Kéier ...