Et ass e Wuert dat dës Woch méi wéi eemol zitéiert gouf an dat eigentlech all Dag en Thema an eng Selbstverständlechkeet sollt sinn: Toleranz- en Apropos vum Christiane Kremer.

Wéi ech mer déi lescht Deeg sou meng Gedanke gemaach hunn, wat ech dës Woch als Thema am Apropos soll opgräifen, si mer gläich e puer Saachen duerch de Kapp gaangen an all Kéier hunn ech mer onbewosst d'Fro gestallt, ob dat dann elo en Apropos wäert wier.
Eng kloer Äntwert hunn ech bei kengem fonnt an um Enn, hunn ech mer du geduecht, datt vläicht déi puer Saachen zesummen e Kommentar ausmaache kënnen. Mä wat hunn den George Clooney, d'Conchita Wurst, den Tatort vum leschte Sonndeg an d'Visite beim Dokter e Méindeg dann elo gemeinsam, oder besser wéi kréien ech déi op eng logesch Manéier zesummen an 2 Minutten Iwwerleeungen? Well nodenklech hu se mech all gemaach.
Den George Clooney an d'Conchita Wurst, e Schauspiller an eng Sängerin, vun deenen een éischter an de Beräicher Kultur oder People liest, fëllen op eemol serieux Norichtekommentären, deels duerch hiert kënschtlerecht an hiert privat Liewen. De Clooney als engéierten Kämpfer fir politesch an humanitär Gerechtegkeet, dee sech elo mat enger grad sou engagéierter Avekotin verlobt huet an d'Conchita Wurst, déi als éischt Drag Queen mat falsche Wimperen a Baart a quasi engem James-Bond-Song vun der gudder Zort eng Hymne fir dat fräit, friddlecht an tolerant Europa gesongen a gewonnen huet. Op déi Manifestatioun, déi den ESC haut ass, domadder eng besser musikalesch Qualitéit kritt huet, ass déi eng Fro, déi aner ass déi, ob domadder och e politesche Message an d'Welt gaangen ass, deen dann elo  soll opgegraff a weidergefouert ginn.
Well de Message vu Versteesdemech an Engagement ass méi wéi wichteg an enger Zäit, an där dacks Aggressivitéiten optauchen, déi iwwerflësseg an intolerant sinn. Sou wéi et d'Thema de leschte Sonndeg am Tatort war, an deem et ëm d'Gewalt ënner Jonke geet, déi dat bal als Sport bedreiwen a bei deenen een als Zuschauer mat de machtlose Kommissare gelidden an ënnerlech gekacht huet.
E Méindeg de Moien am Wartesall beim Dokter hunn ech nach dorunner geduecht, wéi op eemol, ee vun de Patienten en zweeten ugegranzt huet, hie géif net verdroen, wann en esou ugeglotzt géif ginn an et wier besser, deen anere soll dat elo ënnerloossen.
Duerno war et roueg am Sall, ganz roueg!
Och ech hu mech zeréckgehalen an heemlech awer geduecht, wéi wichteg och do dat Wuert „Toleranz“ gewiescht wier.
Dat Wuert dat um Enn déi 4 Gedanke vun dësem Apropos resuméiert! An net nëmmen déi.

AUDIO: 15/05/2014 Apropos "Toleranz"