Alles (k)eng Fro vum Alter

Amerika ass een drolegt Land. A verschiddene Staaten däerf een do scho mat 14 eng Flënt kafen, mat 15 Auto fueren, mat 17 wielen, mat 18 Marihuana fëmmen, mat 19 sech bestueden … just Alkohol drénken däerf een am ganze Land réischt vun 21 Joer un.
Well et bei der Jugend vun haut net ëmmer einfach ass ze gesinn, wéi al een ass … ee 15 järegt kéint der oft genuch och schonn 18 hunn, an anerer gesi mat 25 ëmmer nach wéi 17 aus … ass et nëmme verständlech, dass de Wiert alt emol no der Identitéitskaart freet.
An Zäiten, an deenen et genuch Leit gëtt, déi immens sensibel sinn, an sech och séier mol diskriminéiert fillen, huet et sech op ville Plazen duerchgesat, dass einfach mol bei jidderengem gekuckt gëtt. Sou däerf dann zwar eng 50 järeg Diva sech nach driwwer freeën, dass se vläicht fir een réischt 20 järegt Meedche gehal ginn ass. Ëmgedréit heescht dat awer och, dass wann een ale Pätter ee Pätschen drénke wëll, a seng Identitéitskaart doheem vergiess huet, de Wiert stur just Waasser oder Cola zerwéiert.
„No ID no Alcohol“, dat ass eben d'Regel. Dass ee rompelege Pätter wuel kaum mat engem nach net ganz 21 järege Student ze verwiesselen ass, spillt do keng Roll méi. Et kéint jo de Benjamin Button sinn.
Zu Seattle am Hardrock Café huet mer mol eng Serveuse erklärt, hatt misst een amerikanesche Führerschäin, oder bei Auslänner de Pass gesinn, soss géif et keen Dokument, wat hat acceptéieren dierft, keng Memberskaart vun der Amiperas, keng Identitéitskaart, an och keng vun der Sécurité Sociale, souguer wann do honnert mol de Gebuertsdatum dropsteet, an de Client manifestement de President Eisenhower nach perséinlech gesinn huet, well soss géif hat mat engem Been am Prisong stoen, an op engem Been steet et sech bekanntlech schlecht. Op dat lo absurd wär wéisst hat net, well hat net bezuelt gëtt, fir nozedenken, mä Leit déi sech ausweise kënne, Béier ze zerwéieren. Wëllkomm an Absurdistan.
Do gefält et mer dach besser bei eis heiheem. Hei däerf ee sech scho mat zaarte 16 eng an de Kapp geheien, a muss sech dofir an der Regel nach net mol ausweisen. Vläicht ass eis Jugend mat 16 einfach méi verstänneg wéi déi op där aner Säit vum Atlantik. Dofir soll een hei demnächst jo och vläit scho mat 16 wielen däerfen.
Wien drénke, fëmmen a wielen däerf, sollt dann awer zeideg genuch sinn fir an deem Alter och Auto fueren ze. Oder eng Flënt ze kafen...