Déi lescht Deeg ass se ukomm d'Convocatioun fir d'Europawahlen den nächste Sonnden, Wahlen déi soss ëmmer iergendwéi am Schiet vun den Nationalwahlen stoungen. Déi Kéier sinn, aus de bekannte Grënn, dës Wahlen getrennt. Gutt oder schlecht fir de Wieler, freet sech d'Christiane Kremer am Apropos vun haut?

Stellt Iech vir et si Walen a kee... neen, ech maachen de Saz net fäerdeg. Dir wësst awer, wéi e kéint heeschen. An ech maachen et net, well ech denken, datt een dës Europawahle vum nächste Sonndeg awer net just soll als eng Flicht fir eis Lëtzebuerger gesinn, mä och als Recht. Ëmmerhi gëlle mir jo nach ëmmer als EU-Musterschüler a fir eemol soll een de Streber och gär eraushänke loossen. Schliisslech hu mer eis virun e puer Woche méi wéi opgereegt, wéi de franséische Politiker Laurent Wauquiez a sengem Buch en Europa vun de 6 gefuerdert huet- allerdéngs ouni Lëtzebuerg, wéinst steierleche Virdeeler a Bankgeheimnis. Ëmmerhin si mer vun Ufank un derbäi an hu méi wéi eemol eng wichteg Vermëttlerroll gespillt. An dorobber si mer dach nach ëmmer houfreg, oder?
Mä ech weess, dacks ass dat Europa eis awer wäit ewech a wieren net déi gëllen Tierm an de Kierchbierg an iergendwéi och de Jean-Claude Juncker, da wier Europa nach méi wäit aus dem Focus vum Interêt verschwonnen. Well et sou grouss ass oder well een net genuch weess oder gewuer gëtt?
Villes kann een do scho selwer änneren. Jo ech kann Iech elo e puer Froen zu Europa stellen an Dir test bei Iech selwer, ob Der och informéiert an intresséiert sidd: Beispill: Wéi heescht dann d'EU-Aussebeoptraachten? Oder wéi heeschen déi europäesch Kulturhaaptstied 2014? Oder wéi e Land huet als lescht den € agefouert? Wann Der elo spontan als Äntwert Catherine Ashton, Riga an Umea, a Lettland kënnt nennen- da sidd Der schonn top informéiert. Wann Der musst nosiche goen, och net schlëmm, Haaptsaach Dir maacht den Effort.
A wann Der elo just sot- dat intresséiert mech net, et ass mer ze wäit ewech- da stellen ech Iech direkt 3 aner Froen hannendrun: Wéi heescht de President vum Lëtzebuerger Staatsrot, wéi vill al Lëtzebuerger Frang ass den Euro bei senger Aféierung wäert gewiescht a wéini war Lëtzebuerg europäesch Kulturhaaptstad?
Déi Äntwerte wësst Der spontan direkt? Ganz gutt! Wann Der musst nosiche goen, och net schlëmm.
Bedenkt just, datt, och wa Lëtzebuerg eis méi no ass, dat net heescht, datt alles méi einfach a méi kloer ass, méi intressant a méi relevant. Dat fänkt scho bei de scheinbar einfache Froen un.

AUDIO: 20/05/2014 Apropos "Stellt Iech vir et si Wahlen..."