D'Partei vun den Netwieler - Lëscht 0

Gëscht si mer wiele gaang. Eng edel Aufgab. An nach laang keng Selbstverständlechkeet. Ass et net ee flott Gefill, ze wëssen, et huet een de Choix? Grad am deegleche Liewen ass ee sech däers oft jo guer net bewosst. All Dag maache mer Choixen, ugefaang mam Choix opzestoen oder leien ze bleiwen. Dono de Choix tëscht Kaffi mat oder ouni Zocker oder mat Mëllech, Cappuccino, Caffe corretto oder ... ze vill Choix ze hunn ass och net gutt, da fält en ze schwéier.
Do ginn et ganz komplizéiert mathematesch Modeller, fir erauszefannen, wéini et grad genuch Choix gëtt, a wéi dee muss duergestallt ginn, fir dass de Consommateur d'Gefill huet, keen aner Choix ze hunn, wéi lo effektiv ee Choix ze maachen. A wann dat net ëmmer deen ass, deen en sech eigentlech virgeholl hat ze maachen, ass dat vläicht souguer gewollt. Wéi hunn d'Stones sou schéi gesong: Du kriss net ëmmer wat s de wëlls, mee heiansdo genee wat s de brauchs. An op alle Fall dat, wat s de verdéngt hues. Dat gëllt besonnesch fir all déi, deenen alles Conchita, also Wurscht ass.
Leider waren och gëschter vill Leit net wielen, oder hu wäiss oder ongëlteg gewielt. D'Partei vun den Netwieler ass sou staark, dass ee sech eigentlech wonnert, dass et se nach net gëtt. D'Piraten hu bewisen, dass et och haut nach méiglech ass, quasi aus dem näischt eng nei Partei opzebauen. An och an der Vergaangenheet huet sou munch skurril Protestpartei et an d'Parlament gepackt. Déi Saach misst also och fir eng nei Partei vun den Netwieler ze maache sinn.
Déi Partei hätt ee ganz einfache Programm: guer keen. Keng Walverspriechen, ausser, dass se keng maachen. Och Kandidaten dierften sech einfach fanne loossen. Am Parlament hätten se net vill ze dinn, wann se da gewielt géifen, well den Deputéierte vun den Netwieler muss aus Prinzip alles Wurscht sinn. Si géife sech bei all Vote enthalen, a géife bei hire Riede just aus dem Telefonsbuch virliesen. Si wären eigentlech nëmmen do, fir deenen aner op de Geescht ze goen, an déi un all déi Leit ze erënneren, déi se net gewielt hunn. Dat eleng sollt dach awer fir munch een Netwieler Grond genuch sinn, se ze wielen.
Woubäi, da missten déi jo um Enn nach ee Choix maachen, a sief et nëmmen deen, awer nach an de Walbüro ze goen. Fir munchereen eng onzoumuttbar Ustrengung ...