Europa huet also gewielt. Dem Gibbes Bertolo bleift dee Wahlsonndeg awer net wéinst iergendwelleche Resultater a spezieller Erënnerung ...

AUDIO: Apropos

Iwwer 400 Milliounen EU-Bierger aus 28 Länner waren opgeruff fir mat ze decidéieren, wéi eng 751 Politiker si an Zukunft zu Stroossbuerg solle vertrieden. Deem Opruff ass allerdéngs mol d'Halschent net nokomm. 43 % Wahlparticipatioun, an anere Wieder: vun deene 400 sinn 228 Milliounen Europäer net an de Wahlbüro gaangen an hunn hire Wëllen net ausgedréckt. Duerfir hunn anerer, ewéi de Chefredakter vun der "Zeit" Giovanni di Lorenzo direkt zwee mol hir Stëmm ofginn. De Geck an den Eck, resp. Klamer zou.

Datt 228 Millioune Leit, aus wéi enger Ursaach och ëmmer, net bereet waren, Kräizer ze maachen, kann ee vläit eng Grimmel erféieren, huet awer bei wäitem net dee Schockfaktor ewéi beispillsweis déi 25 %, déi eis franséisch Noperen dem FN accordéiert hunn. Awer och a Groussbritannien, Griichenland, Dänemark oder Belsch si Rietspopulisten an Anti-Europaparteien ferm gestäerkt ginn. Dat deet net gutt. Mir op alle Fall net. Mä bon, domadder mussen sech elo aner Käpp befaassen an auserneesetzen.

Mir bleift dee Wahlsonndeg aus enger anerer Ursaach a besonnescher Erënnerung. Mir wunnen zoufälleg an där Uertschaft, wou och eise fréiere Premier doheem ass, ginn dann och zoufälleg, wa Wahle sinn, an deen nämmlechte Wahlbüro. Esou och virgëschter, moies géint 11 Auer. De JCJ trëppelt also vu sengem Haus an Direktioun Centre Culturel, bei d'Urnen, a Begleedung vu senger Madame an zwee oder dräi Männer mat Knapp am Ouer. D'Wieder ass gutt, op der Arelerstrooss ass net vill lass, ech gesi just vu wäitem een op engem Vëlo, deen eis, also mir an 100 Meter virdrun, dem Jean-Claude, gemittlech entgéint gerullt kënnt. Op eemol bremst de Cyclist, klëmmt vu senger Maschinn erof, geet an Direktioun Juncker a Co. an diskutéiert e puer Momenter mat hinnen. Méi konnt ech net gesinn an héieren, ech war net no genuch drun. Duerfir awer eng ganz Parti Fotografen a Kameraleit, déi scho vis-à-vis um Trottoir gewaart hunn, fir de Spëtzekandidat an Empfang kënnen ze huelen. Ob et Biller vun deem kuerzen Intermezzo tëscht Cyclist a Politiker ginn, weess ech net. Vläit huet keen et derwäert fonnt, dee Moment mat der Kamera festzehalen. Firwat och?

Wéi de Mann um Vëlo du weidergefuer ass, hunn ech mer en mol méi genee ugekuckt. An ech hat mer et jo bal geduecht. Stengefort a Capellen, dat ass keng Weltrees. Mä grad an där Minutt laanschtfuere wann den Haaptacteur d'Bühn betrëtt, dat ass dach e Riesenzoufall. Grousse Kino. Oder perfekt getimed.

3 mol dierft der roden, wat dee Cyclist haaptberufflech esou dreift.

En ass Lëtzebuerger Ausseminister ...