Vum Choix
Fir oder géint de Choix aus engem aneren Bléckwénkel - en Apropos vum Jean-Luc Thill
Maach wéi de Leit – da geet et der wéi de Leit – sou eng Devise vun Fréier. Un déi huet en sech zwar net missen halen – vun engem wierkleche Choix wor awer och ni riets. Haut des Daags ginn Mënschen net méi an eng Traditioun eragebuer déi hinnen eng bestëmmten Roll zouweist. Mir mussen déi ganzen Zäit Choixen treffen also eis entscheeden – an zwar net nëmmen fir Dëst oder Dat, mä virun allem mol fir eis selwer. Wien wëll ech sinn? De Mënsch ass zur Selbstwiel befreit – an gläichzäiteg dozou gezwonge. Jiddereen muss sech selwer zum Projet maachen. Dobäi klëmmt d'Gefor also de Risiko vum Echec ganz gewalteg. Sou bidden sech anscheinend jidderengem onendlech vill Méiglechkeeten also Choix'en – fir dat sech déi eegen Liewensweis duerno dach als zimlech begrenzt duerstellt. D'Schéier tëscht dem wat een alles hätt kinnten erreechen a ginn , an deem wat e wierklech erreecht huet, gëtt méi grouss.
Dëse Phänomen deen Soziologie als „häretischen Imperativ“ bezeechent trëfft virun allem jonk Leit. Och si sinn op der Sich no engem Sënn deen se oft an engem perséinlechen Glawen fannen. E Glawen deen mat Religioun oder Kierch oft séier wéineg ze dinn huet - e Glawen deen de Jonken villméi mat sech selwer ausmécht, also individuell Choixen déi en jidderzäit erëm veränneren kann. Gläichzäiteg gëtt den Drock eppes aus hirem Liewen ze maachen ëmmer méi grouss: Vill Jugendlecher sinn veronséchert op déi eegen Leeschtung fir e Liewen a séchere Bunnen duergeet. Si stellen sech d'Fro: wat gëtt aus mir a wéini ginn ech dat? Dobäi ginn déi Jonk dovun aus dat si d'Äntwerten op dës Froen am grousse ganzen eleng musse fannen. Op een déi elo muer zu Wolz oder a véierzéng Deeg a Brasilien fënnt oder soss anzwousch dat schéngt hautdesdaags jidderengem selwer iwwerlooss. Wien elo mengt dat wier nei a geféierlech deen ka jo mol e Bléck am Emile Durkheim seng Schrëft vun 1898 werfen, wou en den „culte de l'individu“ als d'Religioun vun der Zukunft beschreift a mengt de Glawen un Mënscherechter géif zum moraleschen Kär vun der Gesellschaft ginn. Deemno, Choix hinn oder hir – et schéngt allzäit wéi wann de Frang schonns laang gefall wier, déi sozial Wierkung vum Prozess vun der Individualiséierung ass jiddefalls enorm – un Iech ze entscheeden op der dat gutt fannt.