D'Liewen ass schlecht fir de Réck

D'Liewen ass een eenzegt Gehänks um Hënneschden. Doheem beim Kaffi, dono am Auto oder Bus, de ganzen Dag op der Schaff, duerno virun der Télé, ëmmer hänkt een do, a sëtzt iergendwéi kromm. Kee Wonner, dass Réckeproblemer am Trend leien. Dofir ass fir vill vun eis moies déi Dusch dat erfrëschenst Erliefnes vum ganzen Dag: endlech däerf een e puer Minutte stoen. Grad Männer, déi jo ëmmer mengen hire Mann missen ze stoen, wëssen dat ze schätzen.
Vu Klengem u gi mer gedrillt ze sëtzen, déi ganz d'Schoulzäit erduerch, bis mer eis an engem Groussraum erëmfannen, mat 50 aneren, déi op ergonomesch korrekte Fotellen hir 8 Stonnen ofzesetzen. Kee Wonner also, dass d'Wuert "Sëtzen" eng éischter negativ Connotatioun huet. Et bleift ee sëtzen, an der Schoul, net fir al Leit, well fir déi steet en op am Bus, fir se sëtzen ze loossen, genee wéi den Ex-Partner. Beim Potti wéilt
muncheree stoen, muss sech awer drop setzen, an och op Schraasseg geet ee sëtzen.
Just am Stau steet een, obschonns ee sëtzt, während et steet. Do huet een dann och heiansdo d'Gefill dass d'Zäit stoe bleift, well d'Zäit sëtzt sech net gär. Just mir sëtzen, dee gréissten Deel vun eisem Liewen, a wann alles gedoen ass, da leie mer. Ënnert dem Bueden. Kaum ee gëtt am Sëtze begruef, net mol Kinneken, déi lieweg nawell gär getrount hunn.
De Chef vu Ryanair war jo mol op d'Idee komm, dass een a senge Fliger net onbedéngt misst sëtzen, well ouni Sëtzer ass vill Plaz, an domadder Geld gespuert. D'Autoritéite wollten déi Idee awer net sou stoe loossen, well d'Traditioun jo awer verlaangt dass een am Fliger sëtzt, ausser an der éischter Klass, do däerf ee sech leeën.
Eng Standing Ovation huet villäicht deen heiten Trend verdéngt, deen aus den USA, dem Land vum Sitting Bull, bei eis eriwwerschwappt: de Rebel Desk. Een héicht Pult, fir am Stoen ze schaffen, mat engem Rullband virdrun. Sou bleift een a Beweegung, a kënnt nawell net vun der Plaz, egal wéi vill ee schafft. Dat selwecht gëllt dann och fir d'Carrière.
Laut enger rezenter Etude, publizéiert an den "Archives of Internal Medecine" geet de Risk méi fréi ze stierwen ëm 15% erop, wann een de ganzen Dag just sëtzt, am Verglach zu Leit, déi op der Schaff just 4 Stonne sëtzen, a fir de Rescht mat béide Féiss um Buedem stinn. Bossegerweis sinn et vläicht grad d'Fëmmerten, déi an deem Sënn am gesondste liewen. Säit se net méi am Büro fëmmen däerfe mussen se nämlech vill méi trëppelen, an de Fëmmeck a rëm zréck. Sou komme Kilometeren zesummen, och ganz ouni Rullband beim Pult.