Alles Wurs(ch)t oder wéi?

Eisen Auteur erënnert sech. Oder gëtt verfollegt. Awer net ëmmer ganz fräiwëlleg.
Ee Mount ass et hier: Knapps vun der Schaff doheem, et war spéit, schonns no 8, deen Owend sollt roueg an entspaant op en Enn goen. Wien elo denkt, datt dorausser net allze vill sollt ginn – dee soll Recht behalen. No enger Schmier an enger Taass Kaffi wor kloer: Fir ze liesen, wor ech definitiv schonns ze midd an ech wollt mech deem Medium higinn, wat och ouni Kapp ëmmer nach geet – der Televisioun. Déi wor – wéi ze erwaarden – schonns besat, allerdéngs mat engem Programm, dee guer net ze erwaarde war. Do gouf jo net an der Stuff d'Eurovisioun gekuckt – a wat hunn ech gemaach? Neen, ech sinn net menger Wee gaang, ech wor nach ze midd, fir mech dogéint ze wieren. Kee Lidd huet mer wierklech gefall a meng Aen hu bei all deem Liichtspektakel just wéigedoen – ech hu mech gefrot, ob dat net och un den héichopléisenden LEDen am Hannergrond géif leien.
Bei der Nummer 11 hunn ech dunn net vill iwwerluecht a gemengt: "Dat do ass sou schlecht – dat gewënnt." Déi aner Matkucker hu gemengt, ech hätt souwisou keng Ahnung an d'Middegkeet géif dat och net besser maachen. Doropshin ass déi Saach sou ustrengend ginn, dat ech mol eng Paus ageluecht hunn. Um Wee fir an d'Bett hunn ech just nach geduecht: Huet den Artist wierklech Conchita Wurst geheescht oder hues dat elo gedreemt? Well ëmmerhinn heescht eist Navigatiounsdéngschtmeedchen am Auto schonns jorelaang 'Conchita' – eng Relatioun, déi nom 10. Mee ni méi déi selwecht soll sinn. Wéi vill Auer et och wor – ech muss nach mat enger Pupill waakreg gewiescht sinn, wéi ech kuerz virun der REM-Phas nach gesot krut, dat ech, trotz aller Inkompetenz, dach sollt Recht behale hu mam Gewënner. Déi 59. Eurovisioun gouf zu Kopenhagen vum Conchita Wurst fir Éisterräich gewonn. D'Ausmooss vun deem Succès sollt mer awer réischt den Dag drop, den 11. Mee wierklech bewosst ginn - dat bis haut!

Dofir froen ech mech e Mount duerno, wou ech mech beschwéiere kann – also eng Zort Plainte maachen – géint 'onbekannt' oder awer déi modern Medien: Well ech feststelle muss, datt ech d'Conchita Wurst net méi vergiesse kann – an ech déi Informatiounsplaz awer erëm gär géif fräimaache fir Saachen, déi mer méi wichteg sinn. Et ass jo wuel kloer, datt weder Stroossbuerg, nach Genf sech drëms këmmeren, wann een eppes vergiesse wëll – an dach froen ech mech, wou ee soll virstelleg ginn, fir all déi Informatioun erëm lass ze ginn, déi eigentlech kee Mënsch brauch? Also weder fir d'Iwwerliewen nach fir d'Bildung wierklech relevant sinn!