Den Toun mécht d'Stëmmung

„Ech kann et net méi héieren“, ass esou en Ausdrock, deen dacks gebraucht gëtt, wann engem eppes net gefält, wat ëmmer nees gesot gëtt oder wann dee selwechte Kaméidi een ëmmer nees oflenkt.
Dobäi ass et besser dee Saz, deen sou séier parat ass, trëtt net an; well soss huet een definitiv e Problem mat den Oueren an e klengen Apparat mat schlechter Renommee gëtt op eemol Realitéit. Obwuel ech mech nach ëmmer froen, firwat sou muncheree sech géint en Hörapparat wiert a fäert, wann e géing soen, e géing net méi gutt héieren, da géif en ausgelaacht ginn. Mam Brëll hu mer jo an deem Mooss keng Ängschten. Wann een ee brauch, deet een en un. Et kann ee wuel och mat Lënse géint dat Gestell op der Nues virgoen, oder et mécht een aus dem Brëll och e moudeschen Accessoire, mat deem een net nëmme gutt gesäit, mä och nach ausgesäit.
Do kann den Hörapparat dann net mathalen, och wann en entretemps sou kleng ass, dat en emol net méi opfält. Ech weess awer och vu Betraffenen, datt et net ëmmer einfach ass mat esou engem Knapp am Ouer an eng Gesellschaft ze kommen, well op eemol héiert een all Stëmm an all Geräisch d'selwecht haart an dat mécht midd. Ze vill héieren an net genuch- et ass d'Mooss déi et mécht, och do.
Dacks ass et awer och d'Geräisch, de Laut, de Klang dee beaflosst, ob mer eppes net méi kënnen héieren, well gäre gëtt jo och d'Laun, d'Stëmmung, d'Rou dervu beaflosst.
De Weekend ass dat mer nees eemol sou richteg bewosst ginn. E Samschdeg op der Terrass an der Sonn mat der Ambiance vum Marathon am Hannergrond, huet op eemol e Geräisch sech a mengem Ouer no vir gedréckt. E Kräische vun engem Kand. Näischt Onnatierleches a meeschtens hëlt een et op a kuckt vläicht och nach, wou dee klengen Däbbes dann ass a wat sou schlëmm ass. An da war et dat meeschtens och. E Samschdeg net! Et ass laang, ganz laang sou gaangen an no enger Zäit hunn ech gemierkt, datt et aus engem Nopeschhaus koum. Iergendwann hunn ech mech schlecht gefillt a mech gefrot, ob ech elo do misst eppes ënnerhuelen, ob d'Kand vläicht eleng wier a géif fäerten oder ob et krank wier an Hëllef bréicht. Kuerz drop war dunn d'Mamm um Balcon an huet probéiert dee Klengen ze berouegen. Do war ech och berouegt, wann och net roueg.
E Sonndeg souz ech nees op der selwechter Plaz, ëm déi selwecht Zäit an déi Kéier gouf et en anert Geräisch, dat mech net lass gelooss huet an ech hu mech ëmmer besser derbäi gefillt.
Eng Märel souz um allerieweschten Aascht vun enger Bierk an huet gesongen, wat gëss de wat hues de. Schéin a laang an sou haart, datt iergendwéi all aner Geräischer opgehalen hunn!
„Well, ech konnt déi einfach net méi héieren!“