AUDIO: Apropos

Dës lescht war ech op enger Pressekonferenz, wou nieft de Journalisten, awer och nach Leit waren déi einfach esou lauschteren komm sinn well se mat der Organisatioun eppes ze dinn hunn. Beim traditionellen...."Huet nach ee Froen" oder wéi et haut op Nei-Lëtzebuergesch heescht Q&A huet e Mann, dee schonns e puer Joer méi um Bockel huet wéi ech d'Fro gestallt, wou hien dat alles kéint noliesen wat hien elo héieren hätt. D'Äntwert koum prompt: Um Internet. Wou och soss? De Mann huet dunn awer gesot dass hien esou eppes net doheem huet. A bal all Mënsch am Sall huet de Kapp gerëselt oder d'Ae verdréint. Ech ginn et zou...ech och.
 
Wou ech dunn awer am Auto souz fir heem ze fueren, hunn ech mer dat nach eng Kéier duerch de Kapp goe gelooss. De Mann huet also keen Internet an ass domadder praktesch vun der Aussewelt ofgeschnidden. Jo ech weess dat ass elo iwwerspëtzt gemengt. D'Fro déi ech mer awer gestallt hunn war déi, op ech iwwerhaapt nach up to date sinn?
 
Ech sinn nämlech ee vun der rarer Spezies dee net op Facebook ass. De Mann huet also keen Internet an ech si net op Facebook aktiv. Mir kéinten also ee Club grënnen. E Club wou een normal géif zesummen schwätzen a net iwwer SMS, WhatsApp oder soss kommunizéieren. E Club wou een owes nees eng Kéier zesumme kennt fir sech d'Foto vun der leschter Hochzäit an engem Album unzekucken a se net op Facebook liken oder unliken muss an topesch Commentairen derbäi schreift, déi dann nees vun aneren, déi een zwar net kennt, kommentéiert ginn.
 
E Club wou een nach Stonnelaang iwwer eng Behaaptung kann diskutéieren ouni dass een aneren direkt op sengem Smartphone googlen oder wikipediaen geet an esou guer keng Diskussioun opkommen léist. E Club wou een engem urifft wéini een Zäit huet fir déi nächst Versammlung an net eng Mail schéckt mam Link fir bei Doodle.
 
Wa lo Leit mengen dass ech awer nawell schéi Bescheed wéist mat all deenen Thermen. Gleeft mer et, et ass een décke Bluff. Ech hunn dovunner wierklech keng oder net vill Ahnung.
 
Mäi Gebitt ass d'Vakuumfluktuatioun. Wéi dir wësst net wat d'Vakuumfluktuatioun ass? Dat ass dach ganz einfach: Et sinn Deel- an Antideelesch Koppelen déi an der Quantenfeldtheorie am Vakuum entstinn an duerno direkt nees zerfalen. Ass dach einfach, geldiert?  Keng Angscht. Ech hunn och vun der Vakuumfluktuatioun keng Ahnung. Ech hunn et einfach op Wikipedia nogelies.
 
Dat kann de Mann vun der Pressekonferenz net. Ass hien dofir awer manner glécklech wéi déi, déi 24 Stonnen op 24mat allem a jiddwerengem vernetzt sinn? Ech mengen net!