Mäi Bam

Ech sinn Eenzelkand. Jo jo, ech weess schonn, wat vun deene gehal gëtt. Mä, ech ka jo nit dofir. Ech konnt mer jo nit e Brudder oder eng Schwëster selwer maachen. Sinn awer grouss a staark ginn, an et huet weider keng psychesch Schied ervirgeruff, ... mengen ech emol.
Ech hat just keen, mat deem ech streide konnt, oder zesummenhalen, ob deen ech konnt zielen, oder deen op mech gebaut huet, mat deem ee säi Leed a säi Misär konnt deelen.
Mä, nit wäit vun eisem Haus, do stoung an enger Wiss e Bam, en alen décke Bam. Wann ee säi Stam e bëssi erop geklomm ass, da war do, wou déi verschidden déck Äscht zu de Säiten hinn ewech gewuess waren, esou eng Plaz, wou ee sech sëtze konnt a wou ee nit gesi gouf. Dat war meng Plaz, an et war och mäi Bam. Deem konnt ech alles verzielen. Alles! En huet näischt weiderverzielt. D’Beem beschäisse keen, maachen och kengem Virwërf, si lauschteren einfach nëmme no. Heiansdo huet en alt just emol „schschsch“ gemaach, mä, ech froe mech, ob et nit de Wand war.
Ech wunne scho laang nit méi a mengem Heemechtsduerf. Awer, ëmmer erëm, sinn ech alt emol mäi Bam kuerz besiche gaang. Hunn him mäi Leed a mäi Misär elo als Grousse verzielt, esou aus Spaass. Oder?
Virun engem décke Joer hat ech nach eemol probéiert op meng al Plaz eropzeklammen. Et ass mer nit méi gelongen. Ech, nit méi esou wieweg wéi soss, an hien, nit méi esou stabil. E war sprock ginn. Ech sot: „Hei Kolleg, mer ginn al, mer Zwee..., eis beschten Zäit ass eriwwer.“
An elo, viru kuerzem koum ech dee Wee erëm laascht, an dunn – stoung en nit méi do. E war fort, fort! Dat (fir mech) wichtegst Stéck vu mengem Duerf ewechgestuerwen. Just deen ënneschte Stupp konnt ee nach gesinn.
Et war, wéi wann och e Stéck vu mer gestuerwe wier. E Stéck Kannerzäit, Jugend, Liewen, fort. Wou sinn elo all meng Geheimnisser, déi ech him uvertraut hat? Wou ass en hin? Komme Beem och an den Himmel? Firwat hunn ech e nit méi dacks besicht an der Lescht? E wäert mer jo alt nit béis sinn!