Hei, ... ech hu mer e Regal kaaft, fir meng Bicher dran ze stellen. Dach, ech hu nach Bicher.

Maja, an du hunn ech mer geduecht, ech stelle mer se lo esou no Themen schéin eent nieft dat anert, dass ech, op e Bléck, – Zack – mä Moien och.

Hu der schonn emol Bicher an e Regal gestallt. Egal wat! Vläicht heescht et dofir Regal.

Et gëtt keng Regel, wéi e Buch muss ausgesinn! Stellt een d’Buch an e Regal mat der viischter Säit no riets , da kann d’Schrëft esou sinn, dass een se direkt ka liesen. Oder och nit. Si ka lénks dréiend oder riets dréiend sinn.

Also lénks dréiend ass, wann een de Kapp no lénks muss dréinen, fir ze liesen, riets dréiend, wann ee de Kapp no riets muss leeën. Et gëtt keng Norm.

Sicht emol e Buch an der Librairie, do kritt een den Dréihälschen. Bei eis gi se normalerweis lénks dréiend gedréckt. Awer nit all. Am angelsächsege Beräich natierlech anescht, riets dréiend. Awer nit all.

Leets de riets dréiend Buch flaach op den Dësch mat der viischter Säit no uewen, ass de Buchréck de falsche Wee. Wëlls de et kënne liesen, muss de d’Buch op d’Kopp leeën.

Kucks de mol déi aner Leit an der Bibliothéik oder an der Librairie un, geet bei deene Meeschten de Kapp no lénks, de Kapp no riets, de Kapp no lénks, de Kapp no riets.

Da ginn et der, déi gi lénks geneigt no riets d’ganz Rei of, liese vun uewe no ënnen.

Nit esou vill gi riets geneigt no lénks a liesen vun ënne no uewen.

Ech hu mer och e Regal kaaft fir meng CDen. Hei, do ass et genee dat selwecht.

All Schäiss gëtt vu Bréissel genormt:
de Krëmmungsgrad vun de Kornischongen,

den Duerchmiesser vun Äppel,

d’Déckt vun enger Pizza Napoletana,

wéi vill Liter Flëssegkeet an e Kondom musse passen (et sinn iwwregens 5 Liter, 5 Liter!),

alles genormt, do hu sech Leit Gedanke gemaach, stonnelaang, deeglaang, wat soen ech, wahrscheinlech nach méi laang, bis se sech eenz waren, awer dass mer all Kéier, wa mer e Buch oder eng CD an eisem Regal doheem sichen, duerno den Torticolis hunn, dat intresséiert, wéi et schéngt, kee Schwäin.

AUDIO: 26/06/2014 Apropos Roland Kalté "Bicher an Torticolis"