Enn 2012 war et déi Sensatioun an den Charts an um Internet : Gangnam Style. Vum PSY, dem Sänger, huet ee säit deem net méi vill gehéiert, op alle Fall net méi op deem Niveau, sou dass ee berouegt kann dovunner ausgoen, dass mer et hei mat engem One-Hit-Wonder ze dinn hunn. Mä wat fir een Hit ! Ufank dëses Mounts huet de Video op youtube déi bis ewell nach onerreechten Hürd vun 2 Milliarde „Views“ erreecht.

Wéi de briteschen Economist ausgerechent huet, huet d'Menschheet domadder zesummegerecht méi Zäit dropgemaach, ee klenge Koreaner danzen ze gesinn, wéi et gebraucht huet, d'Pyramiden ze bauen. Kee Witz. 2 Milliarden „Views“ à 4 Minutten 12 sinn 140 Millioune Stonnen, oder 16.000 Joer potentiell Arbechtszäit. Lo kann een natierlech soen, dass een dat sou net vergläiche kann, well et eppes anescht ass, wa relativ vill Leit e wéineg Zäit huele fir ee Clip ze kucken, wéi wa relativ wéineg Leit vill Zäit huelen, fir Steng openeen ze tesselen. Dat maach stëmmen, mee ännert näischt dodrunner, dass mer kollektiv méi Zäit viru Gangnam Style verbruecht hunn, wéi et gebraucht huet déi ganz Wikipedia ze schreiwen, wou all Eenzelne jo och just eng relativ limitéiert Zäit un engem Artikel matschafft.

Virun allem mécht d'Rechnung vum Economist eis awer bewosst, wéi vill Zäit mir fir allméiglech Topegkeeten dropmaachen. Ei mer d'nächst Kéier engem soen, mir wären am Stress an hätte keng Zäit, sollte mer eis vläicht iwwerleeën, wéi mer déi Zäit kéinten erakréien, déi do fehlt. Dat selwecht fonctionnéiert iwwregens mam Geld. Wien all Dag ee Cafe mat engem Croissant keeft, moies um Wee op d'Schaff, gëtt iwwer d'Joer dofir gutt a gär 1000 Euro aus, ouni et richteg ze mierken. Domadder kéint ee schonn an d'Vakanz fueren.

A lo huele mer mol un dee Cafe an dee Croissant ësst een net um Wee, mee op der Schaff, dobäi ee Bléck an d'Zeitung, net zevill hecktesch, et wëll ee sech jo net verschlécken, soe mer, 4 Minutten, eppes manner wéi de Gangnam Style Clip laang ass … mécht zesummen all Mount annerhallef Stonn, ronn 2 Schaffdeeg d'Joer ! Eigentlech fein vum Patron, dass en eis déi net vum Congé ofzitt … herno hätte mer nach koreanesch Zoustänn … do huet een nämlech souwisou just 19 Deeg zegutt. Och eng Form vu Gangnam Style !