"I want my voting back"

„I want my money back“ mat deem Saz huet 1984 déi britesch Premierministerin Margaret Thatcher de berühmte Britenrabatt ausgehandelt, dee bis haut gëllt. Domadder kritt Groussbritannien vis-à-vis vun den anere Memberlänner bei de Cotisatiounen eppes ausgedoen. Dat geet awer nach laang net bei alle Verhandlungen op europäeschem Plang, fënnt d'Christiane Kremer a seet „I want my voting back“.
Neen, ech soen Iech elo domadder net, wien a wat ech gewielt hunn bei den Europawahlen. Dat spillt sou gesi keng Roll. Ausserdeem sinn ech och net aus Pflichtgefill wiele gaangen, mä well et mäi gutt Recht ass a well ech fannen, datt meng Stëmm och soll zielen, sou wéi jidderengem seng, deen tëscht dem 22. an dem 25. Mee an de Wahlbüro gaangen ass.
Aus deem Grond fillen ech mech och elo bei d'Lisette gelooss. „Choose who is in charge“ steet nach ëmmer op der offizieller Homepage vun der EU. Sou krute mir ronn 400 Millioune potentiell Wieler am Virfeld quasi garantéiert, datt mer, fir d'éischte Kéier bei deene Walen, net nëmme matbestëmme kënnen, wie fir eist jeeweilegt Land an d'Europaparlament geet, mä och nach, wien dann eemol Kommissiounspresident gëtt.
An elo, soll dat et awer net gewiescht sinn. Dat heescht eis Stëmm daacht näischt, egal fir wie mer eis Kräizercher gemaach hunn. Um Enn schéngt et jo esou ze sinn, datt et net ëm deen een oder anere Kandidat geet, mä ëm de Prinzip. Do loossen sech verschidden national gewielte Regierungscheffen einfach net an hir europäesch Kaarte kucken a sichen dofir einfach e schwaarze Péiter fir sech ze distanzéieren.
Also huet meng Stëmm dann awer net esou vill Poids, wéi ech gemengt hat a versprach krut. Si huet anscheinend iwwer Nuecht oder iwwer de Gank an de Walbüro einfach u Wäert verluer, ass keng Plus-value méi. Wou ginn ech dann elo reklaméieren, wou kann ech se ëmtauschen, wou kann ech eppes derfir erëmkréien? Oder hätt ech se misse virdru verséchere loossen? Ass eng Franchise drop? Oder spillt d'Haftflicht vun der EU? Geet domadder mäi Bonus oder Malus an d'Luucht?
Vläicht sollt ech mer fir déi nächste Kéier meng 6 Stëmmen assuréiere loossen. Einfach sou bradéiere wëll ech se jo awer net, ech wëll kee Rabatt drop.
An dach bleift den Ament just, fräi no der Madame Thatcher, ze reklaméieren: „I want my voting back.“
Vläicht hëlleft et jo eppes!