Messi, Higuain, Di Maria ... alles Nimm, déi engem an dësen Deeg e Begrëff misste sinn. Kennt der dann och den Argentinier Pablo Silva ? Wuel kaum, an awer: dee Mann spillt bei der WM a Brasilien keng onwesentlech Roll

AUDIO: Apropos

De Pablo Silva spillt och Futtball, wann och nëmmen als Amateur. A well en ëss sat hat, datt bei senge Fräistéiss d'Mauer vum Géigner alt bis op 5 Meter no vir getrëppelt koum, huet en eng Method entwéckelt fir deem Zauber en Enn ze maachen. E Spray, eng biodegradabel Flësseggas-Substanz, harmlos fir de Wues, mam offiziellen Numm "9.15 fair play limit". Deen ominéise wäisse Schaum, deen d'Arbiteren neierdéngs op de gréngen Teppech sprutze fir datt déi erfuerderlech Distanz vun 9 Meter a 15 Zentimeter tëscht Ball a Mauer soll agehale ginn.

Mat Schaum gi jo vill flott Saachen am Liewen nach méi agreabel: d'Buedbidden, d'Autoswäsch, d'Raséieren, den Humpen, de Schampes, de Flapp Klappschmant op der Quetschentaart ... elo also soll Schaum och hëllefen, datt Futtballprofien sech un d'Regelen halen an net méi mam Mann mat der Päif diskutéieren. Schéngt jo bis elo wonnerbar ze klappen. Obwuel: ech gleef kaum, datt bei all deene Fräistéiss, déi bis ewell a Brasilien ausgefouert gi sinn, déi exakt Distanz vun 9 Meter 15 wierklech agehale gouf. Wéi dann och? Den Arbiter huet jo kee Meter bei Hand, wou géing en deen dann och nach verstauen. Also trëppelt en déi gutt 9 Meter op "ongeféier" of. Mam Ënnerscheed, datt déi Kéier weder Ball nach Mauer sech openeen zoubewegen. Esou gesinn: eng gutt Saach.

An awer ... läit et net an der Natur vum Futtballist, datt en ëmmer nees probéiert méi schlau ewéi den Onparteieschen ze sinn? Wéi dacks muss deen aarmen Arbiter sech während enger Parti bécken, fir d'Linn ze zéien? Kënnt an enger nächster Etapp ieren de Pefferspray an den Asaz fir sech Respekt ze verschafen? De Geck an den Eck, mä ech ka mech (den Ament mol nach) net mat deem ganze Gesprays ufrënnen. Kënnt vläicht nach.

Ech freeë mech op alle Fall op déi nei FIFA-Hymn déi wuel deemnächst an alle Stadien vun dëser Welt gesongen dierf ginn: "We are the Schaumpions" ...