“L'enfer, c'est les autres“
Ouni déi Aner ass jiddereen vun eis Näischt.
Ouni déi Aner huet een weder Elteren nach Frënn; keen Dokter, keen Schräiner, kee Garagist. Souguer wann een sech auskennt, z.B. an der Medezin - da brauch en nawell e Pëllendréier, een deen Reagenzglieser a Fläschen ka maachen souwéi een deen sech mat Planzen auskennt déi fir medizinesch Zwecker relevant sinn. Wien e Buch wëll liesen brauch Hëllef bei den Kulturtechnik Liesen a den Auteur léiert schreiwen och net vum selwen. A well et zimlech langweileg ass selwer geschriwwe Bicher ze liesen kënnt en och hei net ouni deen Aneren aus. Eng Iddi kann sou gutt sinn wéi se wëll – ouni den Aneren gëtt se just vergiess. An der Kichen ginn Rezepter zwar gären fir sech behal mä fir erauszefannen op eng Creatioun och um Teller gelongen ass brauch en op en Neits deen Aneren – duerno kann en sech nach ëmmer dofir entscheeden e puer Aneren Rezept ze verroden – op schonns dat gefillt méi oft gesot wéi wierklech gemaach gëtt. Sou wäerten mer och ni wierklech gewuer ginn wat Bibliothéik vun Alexandria alles wousst.
Och Weltpremièren brauchen déi Aner - an där haten mer elo eng: d'Festlechkeeten fir Nationalfeierdag: no 175 Joer Onofhängegkeet vum Lëtzebuerger Land gouf den Nationalfeierdag fir d'éischte Kéier och onofhängeg vun der kathoulescher Kierch gefeiert – an engem zivilen Akt am Groussen Theater. A kuck do: Et ass gaang, och ouni déi Aner – jiddefalls moies. Mëttes sinn déi Eng dunn erëm bei déi Aner gaang – wéi fréier – wann och vläicht net alleguer.
De Versuch eleng eens ze ginn also ouni d'Hëllef vun iergendengem aneren ass nach ëmmer an Box gaang. De Robinson Crusoé hat säin Freideg, den Tarzan zeguer Sheeta an Jane, an den Adam hat d'Eva, well schonns de Moses verstan hat : „et ass net gutt wann de Mënsch alleng lieft“
An d'Hell hat ugefang – d'Hell vu dem Aneren. D'Fatalitéit vun de groussen Jalousien, de klenger Karréiertheet, vum eegesënnegen, onbeléierbaren a sturen Aneren. Deemno gëllt och beim Sartre sengem „l'enfer, c'est les autres“: et kann net keen gewiescht sinn, an an dësem Fall mat Sécherheet op mannst zwee!