Babylon Blues

Um Internet zirkuléiert säit e puer Wochen ee Video vun enger Reklamm mat onerwaarten Nieweneffekter. Et geet ëm déi nei Spillkonsole vu Microsoft. Déi follegt op d'Sprooch. An der Reklamm gëtt dat flott demonstréiert, sou flott, dass wa Leit schonn sou eng Maschinnchen doheem stoen hunn, déi op d'Reklamm reagéiert, a mécht, wat se gesot krut. Oder besser: héieren huet. A vill besser nach : verstan huet. Ëmmer méi elektronescht Spillgezei ka jo sou agestallt ginn, dass et op d'Wuert héiert.
An menger Realitéit fonctionnéiert dat just ni. Déi Dénger versti mech net. Fir unzefänken, si versti meng Sprooch net. Mee dat ass net schlëmm, als gudde Lëtzebuerger ass een esou eppes gewinnt, a virbereet. Dann alt op Englesch. Siri, call the office. D'Siri seet mer vachegelift. Ech wäert op all Fall nach sou bal keng sophistiquéiert Sproochsteierung bei mir doheem installéieren, wou d'Luuten ausginn, wann de Computer een néitschen héiert, an d'Rollueden ufänken sech selbstänneg ze maachen, wann op der Teleeë een Documentaire iwwer Rollmopse leeft.
Mat der Zäit wäerten déi Systemer wuel besser ginn. Am Moment op alle Fall kréien se nach manner richteg mat, wéi mäi Pätter, wann d'Batterien a sengem Hörapparat rëm platt sinn. Skype bastelt wéi een héiert un enger Funktionalitéit, déi et erlabe soll, dass Gespréicher simultan an enger anerer Sprooch kënnen iwwersat ginn. Ech si mer allerdéngs zimlech sécher, dass dee Programm dann nëmme mat engem ganzen Telephonsbuch voller Conditions générales ausgeliwwert gëtt, déi onmëssverständlech ausschléissen, dass d'Firma kéint responsabel sinn, wa Mëssverständnesser zu mësslechen Interpretatiounsdivergenze gefouert hätten.
A si mer éierlech : mir wäre wahrscheinlech grad sou frou, wann déi Maschinnen ni Lëtzebuergesch léieren. Well da kënne mer nach laang, apaart an der Vakanz, hannert de Leit stëppelen an domm schwätzen, wann anerer niewendru stinn, an der Gewëssheet, dass déi statistesch Chance, dass déi eis exklusiv Geheimsprooch versti relativ geréng ass. A ganz indignéiert kucken, wann déi eis dann -wa méiglech op gebrachenem Däitsch!- erklären, si hätte lo awer souwäit alles verstan, a wären eigentlech ganz gutt matkommen, ëmmerhinn hätten si jo méi oft mat Touriste vu Köln, a mat Hollänner ze dinn, an si hätten och e puer Stécker Franséisch eraushéieren. Lëtzebuergesch als heemlech Weltsprooch ? Dat kann dach net sinn !