Paus

Gläich hu mer et gepackt. Summerpaus. Feierowend fir 2 Méint. An nach dobäi Foussballweltmeeschterschaft. D'nächst Woch kéint Cattenom explodéieren, de Grand-Duc demissionéieren, oder de Poopst op Besuch kommen, bei eis géif keen et matkréien. Well déi eng si scho fort, an déi aner nach virun der Tëlee. Oder um Public Viewing. Op alle Fall net méi ganz eniichter. A bis no der Schueberfouer dierft dat och sou bleiwen. Ech fir mäin Deel bleiwen am Summer ëmmer gär heiheem. Net aus Patriotismus. Nach net emol well ech mer keng Vakanz leeschte kéint. Well firwat soll een déi kuerz Zäit vum Joer, wou d'Wieder bei eis grad gutt ass, an eng Géigend reesen, an där et dee Moment vill ze waarm ass ? Firwat soll een iergendwou op d'Vakanzstrecken an de Stau stoe goen, während een hei fir e puer Wochen zur Ofwiesslung kee Stau am Beruffsverkéier huet ? A kee Chantier.
Iwwerhaapt leeft et iwwerall ee gutt Stéck méi lues op der Schaff. An zum Deel kennt nawell méi Liewen an d'Bud, mat de Studenten, déi iwwer d'Summerméint schaffe kommen, an dat net eréischt säit mer iwwer d'Reform vun de Bourse schwätzen. Alt nach ee Grond méi, déi Zäit um Ball ze bleiwen, an dann am September an d'Vakanz ze fueren, wann all déi aner rëm mussen urappen... En plus weess een dann och, wou et derwäert ass hinzegoen; dat konnt ee sech nämlech op Féissbuch zimlech genee ukucken, do wou een déi nächst Wochen iwwer de virtuelle Fotoalbumen net méi wäert aus de Féiss kommen.
Mat ëmmer deene selwechte Biller : e puer Knéien op der Plage, hannendrun d'Mir. Ee Grill an eng Fläsch Béier. Fraleit op der Terrasse mat hire Kippercher. Tellere mat Iessen drop. Een Tip deen de schifen Tuerm vu Pisa ofstäipt, zu Rio virum Jesus d'Äerm ausernee streckt, den Eiffeltuerm perspektivesch an der Hand kann halen, zu London een vun der Queen hire Portiere mam Pelz um Kapp harceléiert, zu New York déi selwecht Pose anhëlt wéi d'Fräiheetsstatue, am doudege Mir d'Zeitung liest oder zu Bréissel op dem Männeke Piss säi klengstent Stéck weist. Huet bei eis eigentlech nach keen Tourist mat engem 500 Euro Schäi virun der Spuerkees hirem Rabonzeltiermche poséiert ?
A wat iwwerall geet : d'Bild vun de Kollegen, déi zesummen an d'Luucht sprangen. Oder ass deen Trend schonn eriwwer ? Wéi och ëmmer : gutt dass et Paus gëtt...