Do denkt een un näischt schlechtes, läit gemittlech dobaussen am Gaart, a gëtt da vun engem Kaméidi aus der Meditatioun gerappt, dass ee mengt, de Gozilla perséinlech hätt grad een Houschtufall op där aner Säit vun der Heck. Mee wäit gefehlt, et ass den Noper, mat senger Héichdrock-Botzmaschinn. Dee muss als Bouf scho gär mat der Sprëtzpistoul gespillt hunn, sou oft, wéi e sech haut mat sengem Waassermaschinnegewier ameséiert. Anscheinend gëtt et ëmmer eppes ze botzen, wat net ka geschruppt, gekiert, gespullt, mee mat wéinstens 1000 bar muss wechgesprëtzt ginn. Kee klengen Dreck, keng Plänzchen, kee Stéck Moos däerf de Pad bei d'Haus profanéieren, alles gëtt ewechgeblosen, zesumme mam Beton tëscht de Steng, déi sou net nëmme propper, mee bis an déi läschte Por gerengegt ginn. Et ass bestëmmt keen Zoufall dass den Erfinder vum „Hochdruckreiniger" een Däitsche war, dee mat däitscher Grëndlechkeet och dee läschte Knascht wollt aus der Welt schafen. Virun e puer Joer hat den deemolege President vu Frankräich mol versprach mat engem Kärcher duerch eng Banlieue ze briederen, fir do opzeraumen. Et sollt net dat eenzegt Versprieche sinn, wat en net gehalen huet, an dofir gouf en e bësse méi spéit jo aus dem Elysée gebotzt, ganz ouni Waasser. Virdrun hat awer nach seng Kulturministesch gemengt, d'Gewalt an de Cités misste mat engem Kärcher ewechgebotzt ginn. D'Firma där hiren Numm do genannt gouf huet dat awer guer net sou witzeg fonnt, an och net gemengt, dass dat eng gutt Reklamm wär, an huet dofir mol kuerzerhand hiere Sponsoring fir verschidde staatlech Events zeréckgezunn.

Wann ech dem Noper sou nokucken, wéi e mat der Lanz vu senger Héichdrockbotzmaschinn iwwert der Schëller dorëmmer paradéiert, wéi wann en eng Szen aus engem Krichsfilm nospille géif, dobäi awer selwer méi naass ass, wéi d'Mauer, déi e grad ofgesprëtzt huet, an dofir ausgesäit, wéi wann en an d'Box gemaach hätt, dann ass dat och net grad eng Reklamm fir den Hiersteller. Ech sollt deene bei Geleeënheet mol eng Photo vum Noper an Aktioun schécken, vläicht froen se hiert Geschir dann zréck. Da wär mol rëm rou am Quartier, op d'mannst soulaang, bis en dann d'Méimaschinn eraushëlt ...