Natural Born Grillers

© afp
Wann et an de Gäert hannert den Haiser dämpt a wann et am ganze Land no verkuelte Wippercher richt, dann hu mer Gewëssheet: d'Stonn vum Grillmeeschter huet nees geschloen.
Bei allem Respekt, Dir Dammen. Mä et gi Saachen am Liewen déi iwwerloosst w.e.g. eis Männer. An sou ganz ënnert eis: Dir hutt domadder och guer kee Problem, oder ?
Grillen ass männlech, do ass all Diskussioun iwwerflësseg. Dat war nach ëmmer esou, zanter Mënschegedenken. De Mann war an ass responsabel fir d'Feier an d'Fleesch. E Privileg dee mat Asaz, Courage a Risiko verbonnen ass. Haart a laang Stonne bei grousser Hëtzt, déckem Damp, Kleeder déi sténken, Tréinen an den Aen an dat permanent Gefill et géing net séier genuch goen.
Fir datt mer eis gutt verstinn: Mir wëllen net bedauert ginn. Mir huelen déi Strapaze jo gär op eis well et an eiser Natur läit. Beim Grill sinn all Männer gläich, hei erlieft de Mann Respekt, hei huet en alles am Grëff. Deen, dee grillt, ass de Patron. Deen, deen decidéiert, ob de Wupp dann elo méi déif geluet muss ginn an ob d'Kotlett nach 1 Minutt brauch. An dann dat immenst Gefill, wann aner Männer aus der Gesellschaft sech solidaresch mam Humpen am Grapp nieft ee stellen an déi perfekt Glous bewonneren. En absolute must: keen Déier ouni Béier !
Grillen ass fir eis och chillen, e gutt Feierche brauch seng Zäit. Mir leeën nun mol gäre relax op a ginn, wann et néideg ass, och mol Gas. A propos: Komm elo kee mer mat deene moderne Gas- oder Elektrogriller. Jo, dat geet vill méi séier, ass anscheinend och méi gesond. Meng Fra läit mer schonn e puer Saisonen domadder am Ouer. Mä dat ass wéi mat ugezugener Handbrems op engem Formel 1-Auto fueren.
Wann d'Fett an de Schweess drëpsen, da si mir Feier a Flam. Zalote preparéieren, Dësch decken, ofraumen ... maache mer am Noutfall jo och, mä et soll ee sech bekanntlech op 1 Saach konzentréieren an déi zerguttst hannert sech bréngen. Sou dacks am Joer kréie mer d'Geleeënheet jo net. Grillen ass net därmoosse komplizéiert, vläit ass dat de Grond firwat et eng reng Männersaach ass.