Hand op d'Häerz a lass
Uso: Apropos WM, kuckt dir eréischt wann de Ball bis leeft, oder stëmmt der iech mat de Spiller an, wa se mat hirer Nationalhymn waarm gemaach ginn? Hand op d' Häerz, Fernand Mathes!
Also et ass schonn impressionant wéi dee Kult ronderëm d' Nationalhymnen héich gehale gëtt. Et kann een iwwerdeems och schonn e bëssen an de Gesichter vun de Spiller liesen, wéi si dozou stinn; déi eng déi mat stolzer Broscht matsangen, där, déi Tréinen am Knäpplach hunn, där déi meditéieren oder maache wéi wann, oder déi, déi näischt mam Nationalhouffert um Hutt hunn, net zu Läscht wéint hirem Migratiounshannergrond. Den eenzege Probleme, den ech mat där musikalescher Ouverture hunn, ass, datt all déi Hymnen zimlech iwwer ee Leescht gezu sinn a guer net de kulturelle Kontext vun där respektiver Natioun erëmspigelen.
Wéi flott wieren dach afrikanesch Rhytmen, eng Samba en Tango oder ee Jodeler fir de Match anzelauden, ma neen, si sinn gréisstendeels aus Kierchechoräl oder Militärmusek zesummesgeschoustert. Meeschtens sinn et Lidder déi och gesong goufe fir an de Krich ze zéien, wat dann och vläit erklärt dat d' Matcher mat Momenter enger Schluecht gläichen, wann d'Ielebéi an d' Gebécker vum Géigner fléien.
D' 'Éisträicher kënnen houfreg sinn op hir, déi ass schliisslech vum Mozart héchstperséinlech, ma déi spillen net mat. Kee Wonner deemno, datt eis däitsch Noperen sech ee Stéck Melodie bäi den Éisträicher Joseph Haydn léine woren, am Original ass d'Kaiserquartett och e Genoss fir d' Ouer, nëmmen de Foussballsterrain ass schliisslech keng Concertsbühn ma eng Arena fir foussfest Emotiounen.
Ma wat se do sangen, dat gëtt mer dann nach méi ze denken, ganz dacks een eenzegen Opruff zu Gewalt a Kampf.
Wat nawell intressant ass, ass den Text vun där iranescher Hymn, do kéint ee jo mengen déi misst no Blutt a Batalje ruffen, ma neen am Géigendeel do heescht et: „ Däi Buedem ass d' Quell vun der Konscht. Oh Feind bass du aus Fiels, si mir aus Eisen.“
Anert Land, anert Beispill zanter 1795 am Repertoire: „ Héiert der op de Felder d' Gebrëlls vun deene wëllen Zaldoten, si komme bis an är Äerm fir äre Jongen, äre Männer a Fraen d' Guergel duerchzeschneiden. An dann: Kommt mir marschéieren, fir datt dat onréngt Blutt d' Furen op eise Stécker dränkt..“
D' Marseillaise..... wat wier dat e Freideg eréischt ee Spektakel ginn, wann eis franséisch Noperen dësen Text nieft den Algerier vu sech ginn hätten.