De Bommeleeër-Prozess ass ugehale ginn a geet iergendwinni weider: renvoyé aux calendes grecques, seet een op Franséisch. Apropos mengt den Nico Graf ...

Éierlech gesot: Am Latäin war ech ëmmer nëmmen e bësse fort en version, awer ni esou richteg fort en thème, d.h. wann de Latäin-Prof eis gedoen huet, vum Franséiseschen an dat Laténgescht ze iwwersetzen, da war d'Herrlechkeet net extra grouss. Absënns dunn net, wéi de Prof sech erkéngt hat, de réimesche Kalenner a säi Cours anzebauen.

Grujeleg. Nonen, Kalenden, Iden ... gouf et do et j'en passe. An et huet een déi missen an den Ablatif setzen, Idibus und so. Jee, et huet e puer Woche laang Datze gereent, du war dee Sujet erduerch.

An elo si se erëm do, les calendes. Assortéiert mam Adjektiv grecques. Déi Gebillt ënner eis soen elo, de Bommeleeër-Prozess wier renvoyé aux calendes grecques.

An da geet een dorëmmer sichen, wat déi griichesch Kalenden do sinn. Fir gewuer ze ginn, datt et déi guer net gëtt. D'Kalende waren den éischten Dag vum Mount am réimesche Kalenner. A se waren och dat, wat d'Preisen Zahltag nennen, do sinn d'Rechnunge bezuelt ginn. A vu datt d'Griichen an hirem Kalenner keng Kalenden haten, huet de Keeser Augustus wuel méi dacks gesot a geschriwwen, et géif deeër Leit ginn, déi hir Scholden "ad Kalendas Graecas" bezuele géifen, se géifen dat op éiweg opgeschuppen. À la St. Glinglin, soen d'Fransousen haut. A mir soen op Mokuchsdag. Woubäi mer opfält, datt ech de Mokuchsdag manner gutt verstinn, wéi den Hellege Glinglin, deen et einfach net gëtt.

Anyway. De Prozess ass also op d'griichesch Kalende fixéiert ginn. Well et dauert éiweg an een Dag, frohlockt d'Defense, bis all inhaltlech a prozedural Problemer geléist sinn an op Mokuchsdag geet et da weider mat Scheer a Wilmes a Lorang a Vogel a wien nach derbäi kënnt vu Ugekloten an Affekoten, dat gesi mer dann. Oder eben och net, well de St. Nimmerleinstag, deen ass nach net fir haut a mar.

Ech hoffen iergendwéi, datt et net esou geet. Meng léif Kollege froe mech einfach ze dacks, ob ech d'Reprise vum Prozess dann nach am Beruff erliewen. An de Maître Vogel huet emol schonn ugedeit, hien hätt e Rendez-vous am four crématoire a kéint dowéinst net un der Fortsetzung vum Prozess participéieren. An däers méi.

Mä do gëtt et jo nach d'Iden, absënns déi faméis Ide vum Mäerz, faméis op déi funeste Manéier, well op deem Dag deen ale Jules vum Brutus et confrères trucidéiert ginn ass. Dat wier einfach ze flott, wann d'Lëtzebuerger Justiz nom réimesche Kalenner fonctionnéiere géif, keng calendas graecas hätt a wann et fir d'Bommeleeër, egal wie se sinn, juristesch Ide vum Mäerz géif ginn, en Zahltag quoi.