Haut a muer nach an da war et dat, fir déi 674. Schueberfouer. Dem Gibbes Bertolo ass virgëschter um Glacis eppes opgefall wat em guer net gefall huet ...

AUDIO: 09/09/2014 Apropos: Waffenhandel op der Fouer

Ëm een Hoer hätt ech se verpasst, d'Fouer 2014. Well mer eis Vakanz relativ spéit am Summer verplangt haten, krut ech déi zwou éischt Wochen iwwerhaapt net mat. Mir hunn eis dunn awer nach leschte Sonnden ënnert d'Vollek gedréckt fir déi eng oder aner Stonn Kiermesloft an ze otmen. D'Wieder war topp, de Glacis strubbelvoll a bei eenzelne Spiller resp. Iessbude koum et mat Momenter zu klenge Kniet.

Wat ech ëmmer faszinant bei esou engem Fouerbesuch fannen, ass déi wonnerbar Mëschung vu Leit déi engem entgéint leeft. Multikulti an alle Faarwen a Gréissten, frou Kannergesiichter, generften Elteren, de Bopi mam Hutt a mam Eisekuch, de Rocker mam Sonnebrëll a mam Petzi, deen en elo grad gewonnen huet, ënnert dem Aarm, Männer am Sonndeskostüm, Meedercher a rosa Minijüppen ... op Schratt an Tratt gëtt et eppes ze kucken an ze staunen. Leider och déi eng oder aner Kannerkutsch, déi sech hire Wee laanscht d'Geeschterbunn muss erkämpfen oder e puer aarm Muppen, déi den Nomëtten och léiwer am Bësch oder um Feldwee verbruet hätten. Mä bon, dat war nach ëmmer esou an et wäert och net änneren.

Nom traditionellen Tour mam Riserad, der Portioun Nougat an engem rasanten Tripp duerch d'Bayernkurve gouf ech dunn awer nach iwwerriet mat op d'Wilde Maus ze goen. Wie se net kennt: dat ass eng Achterbunn, keng där Schlëmmster eng awer ... no 2 Minutte weess een, wou genee de Mo am Kierper plazéiert ass.

A wéi mer dunn vun der wëller Maus erofkomm an e puer Meter weider getrëppelt sinn, ass mer eng aner Maus opgefall. Eng Mikki Maus, sou wéi ee se aus Disneyland oder Disneyworld kennt. A Maansgréisst, just d'Schnuff war mer e bësschen ze vill orange. Vläit hat se einfach nëmmen ze vill Sonn getankt ?

D'Mikki Maus hat op alle Fall vill Succès bei deene Klengen, och well se mat e puer gewieften Handgrëffer kleng, länglech Loftballone konnt verformen. Normalerweis entstinn dann déi originellste Figuren - Häerzer, Huesen, Päiperlécken ...

abee: eis Mikki Maus huet et dach net ronn bruet, aus rouden a schwaarze Ballonen eng déck fett Pistoul ze zauberen an engem klenge Bouf déi mat vill Houfert an d'Gräpp ze drécken.

Zemools an dësen Zäiten hannerloossen esou Zeenen een extrem batteren Nogeschmaach. Bei mir op alle Fall.

Ech hu mer dunn eben nach séier e puer gebrannten Nëss eragehäit ...