Normalerweis laacht ee wann e geknipst gëtt ausser et wier e Radar op der Stroos - firwat engem d'Laachen dobäi nawell net vergoe soll dozou en Apropos vum Jean-Luc Thill.

Summer heescht Vakanz - a wien net heiheem bleift verbréngt déi gemengerhand um Mier oder an de Bierger. Mir ware bei eis franséisch Noperen – ronn 900 Kilometer Richtung Süd-Westen un den Atlantik. 10 Stonnen inklusiv Pausen huet den Trajet gedauert, an déi zwee Chauffeure woren nawell iwwerrascht, wéi entspaant d'ganz Famill um Mier ukomm ass. Fir auszeschléissen, datt et net einfach puren Zoufall an eng Saach vu Chance wär, goufen déi aner Famille gefrot wéi si dann op eiser gemeinsamer Destinatioun ukomm wieren.

Kuck do: och si hunn alleguer méi relax wéi ugespaant e Kilometer nom aneren ofgefuer. De weltwäiten Tipp vun all Automobilsclub: d'Vakanz géif doheem an der Garage ufänken, gouf vum selwen ageléist. Dat war awer net ëmmer sou a schonns guer net a Frankräich: wie fréier um Péage ënnerwee war hat sech souzesoen den däitsche Modell ouni Vitesselimitatioune kaaft an op den Nationale gouf aus Protest dogéint geraibert wat hues wat gëss de.

Wat war also geschitt dat deem net méi sou ass? Frankräich huet virun 10 Joer ugefaangen lues awer sécher Radaren opzeriichten – fixer wéi mobiler – an och jidderengem, dee geblëtzt gouf konsequent e Bréif ze schreiwen. Statistesch gesinn ass dës Operatioun schonns méi laang eng Reussite awer et ass nach méi beandrockend wann en op emol selwer och d'Gefill huet méi sécher a roueg ënnerwee ze sinn.

Heiheem schwätze mer zënter 10 Joer vun de Radaren an d'nächst Joer, also 2015, sollen dës endlech déi éischt Biller vun ze schnelle Chauffeschen a Chauffeuren iwwerdroen. Nodeems Punkten, Plakater a Campagnen noweislech de Soff hannert dem Steier reduzéiere konnt, sou wéineg Impakt hat et, fir op der Strooss op eng méi ziviliséiert Aart a Weis mateneen ëmzegoen. Well d'Fräiheet vun dem Eenzele bekanntlech do ophält wou d'Fräiheet vun deem Aneren ufänkt, muss een der Grande Nation an hirer Entscheedung Recht ginn an eiser Regierung felicitéieren fir, mam traditionelle Retard vum Lëtzebuergesche Modell, dem Geraibers a Gerenns en Enn ze setzen. Fir sech dann dem leschte Problem op der Strooss ze stellen: de Stauen – spéitstens vun nächste Méindeg un erëm um Programm.