De Summer zu Lëtzebuerg war net grad e Beispill fir Hëtzt a Wäermt, mä dat war en och soss net an der Welt, wou bäi sech dat elo net just nëmmen op d'Wieder bezunn huet. D'Christiane Kremer schwätzt dofir éischter vun enger kaler Dusch.

Ech denken dobäi net un en Eemer mat Äiswaasser, dat sech äerdeg uechtert d'Welt iwwer de Kapp geschott gouf mam klore Message sech fir eng schwéier an tragesch Krankheet z'intresséieren an anzesetzen. Neen, ech hunn et bal all Dag als kal Dusch empfonnt, wann ech Noriichte gekuckt, gelies oder gelauschtert hunn, an dacks, vill ze dacks, hunn ech dann ausgemaach, weidergebliedert, ewechgekuckt, fortgeklickt. D'Aktualitéit an der Welt, ob méi no oder méi wäit ewech, huet mech esou erschloen, datt ech et net wollt wëssen, näischt wollt vun ISIS, Gaza, Ukrain, Ebola wëssen. Mä duerf een dat? Duerf ee refuséiere batter Realitéiten z'akzeptéieren, Ängscht, déi domadder Hand an Hand ginn, z'ënnerdrécken a säi Kapp a säi Gemitt léiwer mat anere Saache berouegen? Déi Fro hunn ech mer sou dacks gestallt a mengem schlechte Gewësse Recht ginn: Neen, et duerf een net! Aus deem Grond hat ech mer op enger längerer Zuchrees dann och Liesmaterial matgeholl, fir mech dann och wierklech mat deenen trageschen Nouvellen ze beschäftegen an ze probéieren den Hannergrond op mannst emol e bëssi ze verstoen.
D'Artikelen aus de Krisegebitter hu vun den authentesche Schicksaler vun e puer Mënschen erzielt, Mënschen, déi net just Affer genannt goufen, mä déi en Numm haten, e Gesiicht, eng Geschicht, eng Famill. Si hu mech gefaangen a mech betraff gemaach an traureg.
Gelies hunn ech en Artikel iwwer de jonken Zaki, dee seng Famill am Gaza quasi ganz verluer huet, an enger Paräiser Gare an där ech op mäin nächsten Zuch gewaart hunn. Matten am Liese gouf ech op eemol ofgelenkt, duerch en onerwaartent Geräisch. Am Hin an Hir vu Passanten an Duerchsoen, vun Zich déi ukoumen oder fortfueren, war op eemol Pianos-Musek ze héieren. A si koum net aus iergend engem Lautsprecher, mä vun engem richtege Piano, deen an der Hal bei de Wartesäll an de Rolltrape stoung an d'Passagéier invitéiert huet, dach emol kuerz stoen ze bleiwen, ze entstressen an, wann se kënnen, ze spillen. Fir sech an all déi aner!
Deem jonke Mann, deen am Kostüm mat Krawatt an dem Aktekoffer nieft sech, gespillt huet, war schéin nozelauschteren.
Et huet mech aus der Traueregkeet nees zeréck bäi déi schéi Säite vum Liewe bruecht. Mech schonn!
Wat géing ech esou e Moment dem Zaki aus Gaza wënschen.

AUDIO: 16/09/2014 Apropos "Eng kal Dusch"