Den éischte Brëll ...

Am Apropos vun haut mécht de Rich Simon sech Gedanken driwwer, wéi aner Leit reagéieren wa se bei enger anere Persoun eppes feststellen, wat se bis elo nach net gesinn oder kannt hunn. Hien huet dat nämlech elo selwer erlieft.
Wann een, esou wéi ech Mëtt 40 ass, dann erlieft ee Saache fir d'éischt a sengem Liewen. Fir déi eng ass et déi éischt Scheedung, anerer kréien e neie Knéi oder et sinn der déi fir d'éischt mam Fliger fléien. Bei mir ass et den éischte Brëll. Jo och bei mir sinn d'Ärem net méi laang genuch gewiescht fir d'Zeitung ze liesen. Net ideal wann een als Journalist praktesch säi ganzen Dag domadder verbréngt ze liesen oder ze schreiwen. Ech sinn also net derlaanscht komm fir de Wee bei den Optiker unzetrieden a meng Aen testen ze loossen. 1,5 Dioptrien war d'Resultat. Dat ass sécherlech nach net dramatesch. An awer hunn ech elo ee Brëll deen mer d'Liewen an natierlech och d'Schaffen méi einfach mëscht. Et ass ee ganz einfache Brëll, näischt revolutionäres. Kee Gestell aus Holz, wat anscheinend elo voll "trendie" ass, nee ee Brëll wéi der Millioune vu Leit op all Kontinent een op der Nues hunn. An awer war ech méi wéi iwwerrascht wat ech vu Froe gestallt krut firwat ech dann elo esou ee Gestell am Gesicht hunn.
Déi interessantst war natierlech déi: Firwat hues du dann elo ee Brëll? Äntwert: Well ech net méi gutt héieren.... Also dass et keng domm Froe gi mä just domm Äntwerten, déi Iwwerleeung hunn ech zanter mengem Brëll Ad acta geluecht.
Firwat soll ech wuel ee Brëll ophunn?
Meng s de du géifs elo méi intelligent mat engem Brëll ausgesinn? Wow, wat eng Feststellung! Also ech hu mech nach ni fir intelligent gehal a brauch mech also och net zousätzlech méi ze intelligéieren.
Heiansdo war ech awer och iwwerrascht wa kee mech op de Brëll ugeschwat huet. Schliisslech hat ech mer schonns déi passend Äntwert op all méiglech Fro op mengem Harddisk ofgespäichert.
Ech sinn an de leschten 2 Méint an enger Partie vu Länner gewiescht. Do wou kee mech erkannt huet. Ech war de klasseschen Tourist mat Brëll op der Nues. Kee wousst, dass ech dee réischt zanter kuerzem unhunn. Op eemol war et fir mech normal mat Brëll ee Cider zu Leeds, Crustaceeën zu Carcassonne an Tapas an de Pyrenäen ze bestellen. Alles dat während dem Tour de France. Wou ech dunn awer aus der Grande Boucle nees zeréck am Land war, hunn ech nees gemierkt, dass et awer nees fir vill Leit net normal ass. Déi, déi mech nach net mat Brëll gesinn haten, hu mech nees mat Froe bombardéiert.
Ech froe mech just wann ech aus dem Mëttelalter iergendwann an den drëtten Alter kommen a meng Héierkraaft léist genee wéi meng Kuckkraaft no. Muss ech dann nees op esou Froen äntwerte wéi déi: Firwat hues du dann elo een Hörapparat? Spéitstens wann deen éischte bis dës Fro gestallt huet, da fléien déi Apparater an den Eck. Am héijem Alter kann ech mer dann de Luxus erlaben net méi op all Fro ze äntwerten. An dann deet et wahrscheinlech och gutt wann een net méi alles héiert wat d'Leit esou vu sech ginn.