Wat aus engem Päerdswon net alles ka ginn - en Apropos zum Freud sengem Doudesdag vum....

Vu jeehier huet de Mënsch sech vill Gedanke gemaach iwwert säin bannescht Liewen, souwuel organesch wéi och séilesch – woubäi Opdeelung einfach wär: ëm dat Kierperlecht hu mer eis selwer gekëmmert an eist Séileliewen hu mir eigentlech vu Ufank un ausserweltlech verstan, also a gëttlech Hänn ginn. De Platon hätt zwar schonns verstan, dat d'Séil vu méi Kräfte beaflosst géif ginn – a vergläicht dës mat engem Päerdswon, wou d'Vernonft Zigel an der Hand hält an de Courage wéi och Begier an der Gitt muss halen – an nawell bleift déi iewescht Kontroll och hei transzendent. Verständlech, well an der antiker Kosmologie wär nach keng Plaz fir den Eenzelen, jiddereen hat seng Roll an deem staark hierarchiséierte Weltbild. Nodeems Griiche vun de Réimer iwwerholl goufen, fir duerno selwer ënnerzegoen, wär am Mëttelalter endlech Schluss mat deene villen Hänn, an de Mënsch gouf vu Kapp bis Fouss,  also Kierper a Séil,  just nach an d'Hand vun engem eenzegen Gott geluecht.

Gebiet a Beicht wären d'Sproochrouer fir an problematesche Fäll een Zeechen, also Léisung, vun Uewen ze kréien. Wien net sou getickt huet, gouf agespaart oder ëmbruecht. Dat klappt net schlecht, bis Europa am 14. Jorhonnert de schwaarzen Doud op Besuch kritt- an d'Pescht d'Mënsche lues awer sécher iwwerzeegt, datt se an deem Dossier net vill vun do Uewen ze erwaarden hunn. Et gëtt selwer ugefaang nozedenken a spéitstens mam René Descartes sengem cogito – „ech denken, also sinn ech“ – mécht Europa sech lues awer sécher op de Wee an eng Zäit, wou den eenzelen Mënsch am Mëttelpunkt steet. D'Opklärung an Mënscherechtserklärung vun der franséischer Revolutioun bestätegen dëse Trend, datt den eenzelnen Mënsch eng zentral Plaz am Liewe spille soll, an domadder och seng Ängscht an Dreem. Op dëse schafft déi industriell Revolutioun – mam Hoken, datt e puer Wéineger hir Dreem kënne verwierklechen an all déi aner den Ängschten vun der moderner Sklaverei ausgesat sinn. Dat Ongewësst, wat an de Stären stoung, gëtt ofgeléist duerch dat Onbewosst, wat an eis selwer stécht. Wat den Darwin fir Evolutioun leescht, bleift fir dem Mënsch seng Séil nach ze klären. Et ass et un der Zäit, datt erëm ee sech dem Platon sengem Päerdswon unhëlt, fir eng Mise à jour ze maachen. Dës Aufgab iwwerhëlt de Sigmund Freud, benennt déi dräi Instanzen ëm, an hannerléisst e Modell, mat dem en dat Onbewosst am Mënsch selwer ënnersiche kann – d'Psychoanalyse. De Freud ass virun 75 Joer an 2 Deeg gestuerwen – net duerch een ausserweltleche Wëllen, mä duerch eng Iwwerdosis Morphium. No där Sprëtz hat de Freud, am Exil zu London, selwer gefrot fir sengem laange Kriibsleiden en Enn ze setzen.