Memory am Kapp

„Wat ee méi al gëtt, wat een ëmmer méi d'Gefill huet, d'Zäit géif méi séier ëmgoen“, heiansdo ass et esou e Saz, deen engem net méi aus dem Kapp wëll. D'Christiane Kremer beschäftegt sech domadder am Apropos vun haut.
Ech wollt lo net jéimeren iwwer d'Zäit, déi engem fortleeft - dee Saz steet souwisou bei eis hei um Floskel-Index - an ech wollt och net wéi de Proust à la „Recherche du temps perdu“ goen. Mä de Saz kënnt mer ëmmer erëm an de Kapp. Neen, en ass net wierklech nei an et ass och net, wéi wann ech dat nach ni selwer geduecht hunn.
Allerdéngs hunn ech mer lo e Spaass draus gemaach, mech ëmmer emol ze froen, wat da virun engem Joer ëm dës Zäit war. Et ass scho bal e Spill ginn, dat niewebäi och e gudden Training fir de Kapp ass. Dacks fält mer zu engem Dag näischt an, guer näischt, wéi wann den Dag net gewiescht wier. Al Mailen, SMSen oder de klengen Agenda hëllefen alt nach op d'Spréng. Bei aneren Deeg sinn ech ganz iwwerrascht, datt dat wierklech schonn e Joer hir ass. Do sinn dann d'Biller an d'Erënnerungen sou kloer an intensiv, datt ech d'Impressioun hunn, dat wier dach eréischt ganz rezent alles geschitt.
Dat klengt Spill mat der Erënnerung, dat heiansdo ganz schéin ustrengend ka sinn, well einfach an deem Kapp keng Späicherliicht opgeet, bréngt awer och nach aner Erkenntnesser mat sech. Zum Beispill déi, datt Erliefnesser, déi méi laang zeréckleien, engem méi präsent sinn, wéi déi, déi eréischt viru Kuerzem geschitt sinn.
Wuel sinn dat Momenter aus der Vergaangenheet, déi mat villen Emotioune verbonne waren: där schéiner an där méi traureger. Wéi schéi wann déi sech esou mëschen, datt se engem als räich Erënnerunge bleiwen.
Gëschter stoung ech um Graf, vun engem Mënsch, dee viru genee 20 Joer gestuerwen ass. An op eemol waren se do, déi vill geckeg, witzeg a frou Momenter, déi mer als Kanner an och als Erwuessener zesummen an eiser Famill haten.
A si waren esou präsent, wéi wann et eréischt gëschter gewiescht wier. A jidderee ronderëm huet wuel datselwecht geduecht a gespuert. Ech si sécher, och wa kee geschwat huet.
Dat war där intensiver Momenter een. E steet a mengem Agenda an ech si sécher, wann ech an engem Joer nach ëmmer mäi perséinlecht Memory-Spill maachen, da kënnt deen Ament um Kierfecht gëschter nees séier zeréck.