Wuessen

Alles muss wuessen! Natierlech och, oder esouguer besonnesch, an der Economie. An esouguer, wann et nit wiisst, heescht et nach ëmmer „Null-Wuesstem“. A wann et no ënne geet, also an déi falsch Richtung, wiisst et nach ëmmer, dat ass dann Negativ-Wuesstem. Och eng negativ Entwécklung muss nach ëmmer positiv kléngen. Wuesstem ass de Moossstaf fir Succès an d’Zukunftsfäegkeet vun enger Entreprise, fir d’Leeschtungsfäegkeet vum Staat. Alles ass giereg no Wuesstem.
„Bréngt Wuelstand fir all“ ass zënter dem 2. Weltkrich de Credo vun eiser Maarteconomie.
Mä – dee permanente Wuesstem gëtt ëmmer méi zum Problem. Ni virdrun huet eng Gesellschaft mat esou vill Loscht Saache gemeet, déi op laang Siicht fir eis all schlecht, ganz schlecht sinn. Ëmmer méi Energieverbrauch, ëmmer manner Ressourcen: Peak Oil, Burn Out, Klimakollaps. D’Grenze vum Wuesstem si real. A mer wëssen et och. Déi lues Stëmm an eis bannen dra misst eigentlech scho jäize wéi e Waldiesel, dass et nit esou weidergoue kann. Mä, mer fuere riicht esou virun ... wéi Trotzkäpp. Mer affere fir kuerzfristege Genoss laangfristeg Liewesqualitéit. Firwat ass et esou attraktiv, Saachen ze kafen, ze hunn, déi mer nit brauchen.
D’Konzepter vu Wuesstem, Mobilitéit, Fortschrëtt sinn esou déif an eisem emotionalen Haushalt verankert, dass déi regelméisseg Appellen, déi wuel a scho laang geruff ginn, eis nit beréieren. Si kommen nit un. Si prallen af, déi "5 vir 12"-Botschaften. An d’Politik, statt endlech ze bremsen, schëtt nach Bensin an d’Feier. D’Entwécklung vun eiser Gesellschaft kennt nëmmen d’Novirbewegung. Dobäi misst et dach och eng Economie ginn, déi ouni Wuesstem fonctionnéiert. Wahrscheinlech musse mer et richteg spieren, kierperlech, krank ginn, bis mer reagéieren.
Mä – wahrscheinlech huet bis dohi schonn erëm een eng Pëll erfount an entwéckelt an op de Maart bruecht. Eng Pëll géint dat alles, dat eis virgaukelt, dass mer deem ganze geWUESS sinn.
Paradox.