Alles muss changéieren, näischt duerf bleiwen, alles léist sech op, vereelzt, ier mer eis dru gewinne kënnen. Dat misste mer jo och nach an eise Gewunnechten, Ritualen erliewen. Ginn et deeër alt iwwerhaapt nach?

Et ginn der nach! Oder 't gi neier. Dat permanent Checke vu Facebook, Mailen, Smartphonen... An déi nei do, déi hu knapps d’Geleeënheet, Wuerzelen ze schlouen. Alles verännert sech ze séier.

Scho nëmme Fernseh kucken zum Beispill. Knapps lafen d’Biller vum Programm, stelle mer eis schonn d’Fro, ob mer och wierklech um richtege Programm sinn. Op deem spannenden. Oder verpasse mer éiere grad just eppes, dat op engem anere Kanal leeft? An zënter dass mer kënne sëtzen oder leie bleiwen, fir de Programm ze wiesselen, hu mer verléiert, wiem mer eis Opmierksamkeet solle ginn, ... oder ewechhuelen. Déi konzentréiert Zerstreeung schwindelt eis en Ausdrock vu Fräiheet vir. A Wierklechkeet gi mer éischter gedriwwen.

Déi nei Techniken do vun haut sinn eng fantastesch Geschicht, mee – 't geet awer och en onheemlechen Drock a Sog vun hinnen aus. Dat stännegt Opgeputschtginn duerch nei E-mails, nei Informatiounen, nei Techniken, asw. gëtt oder ass schonn eng nei  Sucht. An och, wa mer wëssen, dass dee Süchtegen an senger Sucht ni dat fënnt, wat e sicht, maache mer mat. 't bleift eis dach bal näischt anescht iwwreg. Gell Dir? Mä trotz allem - Sucht mécht Loscht zur Laascht. A wann et ee Mëttel géint se gëtt, dann ass et wuel d’Wäisheet.

Also, sidd esou weis, a maacht Iech nit mat deeër neier Sucht do fäerdeg. Féx a fäerdeg!