Näischt Extraes

De Roland Kalté stellt Iech haut am Apropos d'Fro: "An? Näischt Neitz?"
„Näischt Extraes!“, ass dann dacks d’Äntwert. Och an den Noriichten héiert ee geleeëntlech: „Näischt Extraes!“
Näischt Extraes! Dat heescht: keng Skandaler, keng Katastrofen, keng skrupellos Verbriechen, keen neie Weltrekord, - eben – näischt Extraes. Wéi wann et dat iwwerhaapt ging ginn.
An dobäi stinn haut iwwerall op der Welt Chirurge virun engem Méinsch senger Broscht, déi s’opgemeet hunn. Si halen en Häerz un, dat 60 Joer laang geschlou huet, schléissen 3 Veenestécker un a bréngen et erëm zum Schlouen. Soss war dat Science Fiction, haut kréint keen Hunn méi dergéint. Näischt Extraes.
Iergendee verléift sech haut fir d’éischt esou richteg, a soss näischt, wat soss nach doruechter passéiert, wäert seng Gefiller dervun afbréngen, op Wouleken ze schwiewen, mam Universum eens ze sinn. Doriwwer – keng Pressemeldung. Näischt Extraes.
Méinsche gi gewuer, dass hiren Job, deen hiert ganzt Liewen ausgefëllt huet, gestrach gouf. Mar gesäit en d’Welt an engem anere Liicht, probéiert aus dem Ganzen nach e Sënn ze gesinn. Vläicht. Gëtt an de Noriichte nit ernimmt. Näischt Extraes.
E Stot geet op en Enn. E Mann an eng Fra diskutéieren um Kaffisdësch, dass et kee Sënn méi mécht, hir Bezéiung keng méi ass. Iwwert d’Gefiller vun hirem Kand, wéi et gesot kritt: "Vu mar u wunnt de Papp nit méi hei" – keng Zeil, kee Wuert dobaussen ... näischt Extraes.
Deen Dag haut wäert d’Liewe vu ville Leit fir ëmmer veränneren. Fir keen ass et vu grousser Bedeitung, ausser fir e klenge Krees vu gudde Frënn a Famill. Näischt Extraes.
Et bestuede sech Leit, et lafen der doheem fort, 't ginn der an de Prisong gestach, et ginn der, déi man déi éischt Erfahrung mat Beethoven, Shakespeare, Fausti, Hoppen Téid, mat Sex oder mat Schleeken am Kräiderbotter. Näischt Extraes.
All Dag ass voll vun Evenementer voller Leidenschaften a Leeschtungen, Versoen an Tragik.
An dat nenne mer: Näischt Extraes!