E Luef kascht näischt an deet jidderengem gutt. Wann een awer domadder gäizt, da kann een dat herno bereien. "Ech wollt Dir schonn ëmmer soen..." mengt de Camille Ney am Apropos an erënnert un e Mënsch, deen der vill vum Gesi kannt hunn.

Den Doud gehéiert zum Liewen, heescht et, an nawell gëtt een heiansdo fatzeg erféiert! Wann een héiert, dass e léiwe Mënsch, deen ee kannt huet an awer och net, gestuerwen ass, da bedauert een, dass een him net alles gesot huet! Esou ass et mir elo dëser Deeg beim Pascal Mertz gaang! 47 Joer - wann et iwwerhaapt en Alter fir ze stierwe gëtt, dann ass dat sécher keen! Déi wéinegst vun eis hu säin Numm kannt, mee jidderee weess, wien hien ass.

RTL

De Pascal Mertz

De Pascal ass dee léiwe Mann, deen een ëmmer mat engem waarme Laachen op de Lëpsen an der Haaptentrée vum Cactus an der Belle Etoile begréisst huet. Ëmmer gutt drop, ëmmer e gutt Wuert fir d'Leit, esou dass bal jiddereen sech seng Tut gär zouschweesse gelooss huet, fir e puer Wuert mat him ze schwätzen.

Elo ass hien net méi do! D'Belle Etoile verléiert hier Visitëkaart an den Himmel huet ee schéine Stär méi. Wann ee säi Bäileed mat léiwe Wierder schreift, denkt ee sech, dat hätt een him och kinnten zu Liewenszäit soen – duerfir ass et elo leider ze spéit! Him soen, wat fir een aussergewéinleche Mënsch hie war, deen trotz sengem Handicap eng onwahrscheinlech Liewesfreed ausgestrahlt huet. Elo kënne mir him dat just schreiwen, un hien denken – an der Hoffnung dass hien dat matkritt, do wou hien elo ass.

Vläicht sollte mir am dagdeegleche Liewen méi bewosst an eise Gespréicher op Mënschen agoen, hinne spontan Komplimenter maachen, wa si eppes hunn, wat eis gefält, eppes Guddes gemaach hunn, wa si frëndlech waren oder einfach nëmme fir een do waren. Dat kascht näischt, huet eng immens Wierkung bei jidderengem vun eis – oder firwat deet et eis gutt, wann ee fir e "Post", eng Foto oder e Video vill "ge-liked" gëtt?

Dem Pascal hätt et sécher och gutt gedoen, ier e gestuerwen ass! Ech hunn dat verpasst, an Dir vläicht och – lo kënne mir nach just d'Erënnerung un hie lieweg halen!

AUDIO: 02/10/2014 Apropos: Ech wollt Dir schonn ëmmer soen