Delete
Wuel kaum eng Tast ass um Computer sou vill am Gebrauch, wéi déi fir eppes ze läschen. Dozou en Apropos vum Jean-Luc Thill
Knapps dräi Wieder geschriwwen a schonns en Tippfeeler- schnell verbessert, fir dann ze mierken dat de Saz mer sou, awer och guer net gefält. Ech läsche mol dat Ganzt a fänke vu vir un. Delete- a Backspacetast als Da Capo vum digitale Liewen. Op berufflech oder privat: Kuckt Iech mol selwer iwwert d'Schëller wéi oft Dir beim Schreiwen, alias Tippen, d'Läschtaste benotzt also dréckt.
Fréier wor dëst ondenkbar. Dem Scribe huet beim Schreiwe kee Feeler dierfen ënnerlafen an och mat der Schreifmaschinn war et eng Plo: manuell zeréckfueren, Tippex-Bliedchen fannen, dertëscht klemmen an hoffen dat Blat des Feelerkorrektur iwwersteet, ouni wéi e Schwäizer Kéis iwwerall Lächer ze hannerloossen.
Elektresch Schreifmaschinnen haten e Korrekturbännchen ëmmerhin agebaut - déi vun der leschter Generatioun haten souguer e klenge Schierm, wou den Text eréischt getippt gouf, wann e mam Saz averstane war. Dat ganzt konnt een och nach op enger Diskette festhalen – eng Zort Memorystick aus der Computer-Steenzäit.
Sou gesi wär de Feeler e Luxus, dee mer eis fréier guer net leeschte konnten. A wien der gemaach huet, krut dat via roude Bic ënnert d'Nues gehal mat zwou Méiglechkeeten: de Feeler verschwënnt oder du!
Am digitalen Zäitalter maache mer zwar net manner Feeler, mä d'Delete-Taste huet en salonfäeg gemaach – a Strategië wéi 'learning by doing' inspiréieren souguer ganz Regierungen. De Luxus vum Feeler gouf duerch d'Banalitéit vum Läschen ersat. Ausser am Netz, do däerf ee weder nach: well wien sech hei de Luxus vum Feeler erlaabt, huet weiderhin de Problem, datt deen net geläscht ka ginn: am Netz geet wuertwiertlech näischt méi verluer.
Stellt sech d'Fro op déi zwou Welten sech d'Wo halen: also op déi Zäit, déi fréier an d'Präzisioun goung fir kee Feeler ze maachen, déi selwecht ass, wéi déi, déi haut verklimpert gëtt fir dësen ze läschen? Wat kascht den Läschknäppchen eigentlech d'Economie, also wéi vill PIB oder soss Ressourcë wiere méi dran, wa keen sech méi géif vertippen?
An de Schoulen sëtze virum Pult nëmmen nach sougenannt 'digital natives' – also Generatiounen, déi d'Welt ouni 'i' virdru guer net méi kennen. Domadder ëmzegoe verlaangt awer nach all ze oft Eegeninitiativ. Oder kënnen är Kanner schonns mat 10 Fanger tippen?
Nom Delete kënnt dann nach den Spell- a Grammarchecker – fir all déi, bei deenen et och ëmmer falsch ass an déi dat selwer mol guer net méi mierken, egal op mat oder ouni Dactylo.