D'Zäit ass Geld, seet e Sprachwuert, mä dacks ass d'Zäit einfach nëmme Liewegkeet.

Si sinn nëmme kuerz Noriichten op der Lokalsäit, si sinn spektakulär Biller am Net oder op der Tele. Fotoen, déi mer kucken, bei deene mer de Kapp rëselen, den Otem unhalen an nach heemlech hoffen, datt mer den Auto net erkennen oder de Motor. A frou sinn, wa keen eis freet: „Weess de, wie leie bliwwen ass?“ A wann dat net antrëtt, si mer berouegt a vergiessen nees, wat mer héieren, gelies a gekuckt hunn. Bis déi nächste Kéier. Et ass sécher eng Schutzmoossnam net permanent Angscht vrun sou trageschen Noriichten ze hunn an et ass mënschlech opzeootmen, wann een dee Verongléckten net kennt. E puer Minutte laang denke mer och nach un d'Affer an nach méi intensiv un d'Mënschen an Trauer ronderëm, déi jo och iergendwéi Affer sinn.

D'Zuel vun déidleche Verkéiersaccidenter op eisen Stroossen ass den Ament esou héich an d'Frequenz esou heefeg, datt engem bal d'Loft ewech bleift vum permanente Loftunhalen an dann nees opootmen. Oder vun Trauer. Op all Stroosseneck, op all riichter Strooss, op all schmiereger Fuerbunn, an all schaarfer Kéier, esou séier an sou onerwaart, kann et jiddereen treffen.

Lo kann ee stonnelaang vu Schold oder Schicksal schwätzen, vun Ongléck oder onnëtzem Misère philosophéieren, iwwer schlecht Stroossen, ze vill Chantieren an déi Aner diskutéieren, déi jo ëmmer ze séier komm sinn.

Oder iwwer d'Plaze vun de feste Radaren.

Mä wou stinn eigentlech déi Radaren, déi d'Vitesse aus dem Liewen huelen an eis déi eng oder aner Entschleunigung schenken? Iwwer déi misst een och schwätzen, da wieren déi automatesch Fotomaschinne laanscht d'Stroossen vläicht geschwënn iwwerflësseg.

AUDIO: 09/10/2014 Apropos "Déi lues Amenter"