D'Saach mam Alter

Et ass jo sou eng Saach mam Alter- entweder nach net al genuch oder net méi jonk genuch. Dobäi gëtt et en Alter fir alles, mengt d'Christiane Kremer an huet och direkt e gutt Beispill dofir.
Um Pabeier seet den Alter alles aus, am richtege Liewen awer nach laang net. Et gi Leit, déi changéieren ni a gesi jonk schonn al aus an al iergendwéi nach esou wéi fréier. Et ginn der déi gesi jonk gutt aus an eelze schlecht- an et ginn déi, déi mam Alter ëmmer méi attraktiv wierken. Op mannst ass et esou, wéi mer déi aner gesinn.
Den eegenen Alter beschäftegt een natierlech nach méi. Wann ee jonk ass gëtt een net séier genuch al fir kënnen oder dierfen dëst oder dat matzemaachen.
An wann ee méi al ass, da kritt ee sech net séier genuch méi jonk gemaach, egal wat fir e Präis ee muss fir dëst oder dat Mëttelche bezuelen. Dertëschent gëtt et dann iergendwou en Alter mat deem ee kee gréissere Problem huet: ech soen emol spontan, datt sinn déi Joren tëscht dem 18ten an dem 39te Gebuertsdag.
Datt ee beim Alter heiansdo fuddelt ass iergendwéi mënschlech, wien huet sech net scho méi al gemaach fir duerfen an ee Film an de Kino ze kommen. A wéi dacks feiert een eigentlech den 39te Gebuertsdag?
An da gëtt et awer och nach deen Alter, bei deem een houfreg ass en erreecht ze hunn. E gutt Beispill ass d'Anna Stoehr vu Plainview aus dem US-Bundesstaat Minnesota. Si ass am Joer 1900 op d'Welt komm, also 114 Joer al. Dozou steet se och an huet awer musse bei hirem Alter fuddelen. Si wollt sech nämlech op Facebook aschreiwen, do ass dat awer just tëscht 13 an 99 Joer méiglech. D'Anna Stoehr huet sech dunn emol 15 Joer méi jonk gemaach an dem Marc Zuckerberg e Bréif geschriwwe fir sech ze beschwéieren. „Ech liewen nach!“ heescht et do.
D'Begeeschterung online ze sinn, hat se sech iwwregens bei hirem Fils ofgekuckt, wéi dee sech e Smart-Phone kaaft huet. Mat 85 Joer!
Definitiv et gëtt en Alter fir alles! Och ouni ze fuddelen.