5 vir 12
"last minute" ... engersäits jo e ganz beléifte Phenomen, anerersäits leider och eng éischter penibel Situatioun
Eent virop: ech si kee Fan vum berühmte leschte Stëppel. Wat gemaach ass, ass gemaach, soen ech mer ëmmer. Kuck, datt s de mat Zäiten u bass, da kënns de och net an de Stress. An och net an déi desagreabel Situatioun an déi ech elo viru Kuerzem zwar net selwer eragerode sinn, déi ech awer zu honnert Prozent novollzéien an noemfanne kann.
Eng Persoun, loosse mer se "de Client" nennen, kënnt d'lescht Woch owes 10 vir 6 an e Buttek era fir en Artikel ze kafen, dee kuerz virdru vum Dokter verschriwwe gi war. Mir sinn iwwregens net an enger Apdikt - Klamer zou. An dann nach ...
D'Vendeusen - et sinn der zwou, ausser hinnen och soss kee méi dobannen - kucke ganz erstaunt, fir net ze soen: generft, a weisen eise Client onmëssverständlech drop hin, datt et jo awer schonn 10 vir 6 ass, an datt si ëm 6 Feierowend hunn, resp. ëm 6 de Buttek zou mécht, d'Kees war et schonn. Ech kierzen d'Saach elo einfach of andeems ech als Resumé festhalen, datt eise Client mat vill Gedeessems dunn awer nach zerwéiert gouf an dat krut, wéinst wat e komm war.
10 vir 6. Oder 5 vir 12. Dat bedeit jo, wann ech mech net iren, datt et nach net ze spéit ass. Datt zwar net méi vill, awer nach Zäit ass. OK, wie kuerz virun 8 Auer owes nach mat engem risegen Akafsziedel an de Supermarché erageschlach kënnt, dierf sech net wonneren, wann ëm d'Dir virun der Nues zou gehale gëtt. Idem kuerz virun 1 Auer moies am Bistro. Do ass ee selwer Schold, wann ee sech net organiséiere kann. De Client ass zwar Kinnek, mä och e Kinnek dierf säi gesonde Mënscheverstand heiansdo asetzen.
Wann ech awer speziell am Eenzelhandel d'Gefill vermëttelt kréien, meng Präsenz wier nëmmen zu bestëmmten Zäiten erwënscht, da stéisst dat mer sauer erop. Da ginn ech och léiwer net méi eragelooss ewéi datt ee mech aus sengem Motzeck ugranzt an ouni Loscht a Freed zerwéiert. Jidderee vun eis huet säi wuelverdéngte Feierowend zegutt. Grad ewéi jidderee sech u seng Zäite soll halen. An dowéinst ass moies 9 an owes 6 nun mol net 10 op 9 an 10 vir 6. A wa mer éierlech sinn: a wéi engem Beruff huet een hautdesdaags nach d'Garantie, datt pénktlech Feierowend ass ?
Zum Gléck oder hoffentlech bleiwen esou Fäll d'Ausnahm. An et ass wéi sou dacks: schwaarz Schof ginn et op béide Säiten.