Et gëtt näischt méi spannendes wéi Kanner an hirer verbaler an och net-verbaler Kommunikatioun z’observéieren. Et kann ee si scho ganz fréi an zwou Kategorien ënnerdeelen. Wéi ech viru kuerzem an engem Spillpark war, loungen an engem Eck iwwerdimensional grouss Lego-Steng fir en Haus ze bauen; et war just nach net fäerdeg. Permanent si Kanner do laanscht gaangen, an ech hunn dem Spill nogekuckt.

Den éischte Bouf ass an de Réibau eragaangen, an huet direkt ugefaangen un allem ze fréckelen. En huet déi Stécker, déi um Buedem loungen a just drop gewaart hunn, nach verbaut ze ginn, net bekuckt. Hie wollt just ofrappen. Dat ass ëm och schlussendlech gelongen. Et stoung keen Haus méi. Dem Bouf säi Bléck war eidel. Dunn ass e senger Wee gaangen, fir aner Saachen ze stoussen oder ëm ze bootschen. Dunn ass dat nächst Kand komm. Net de Genre Dropgänger, mä eent, dat d’Steng gesinn huet a fonnt huet, se géifen openee gehéieren. Dee Bouf huet d’Haus erëm opgebaut, minutiéis a mat vill Gedold. Ech hunn ëm gehollef. Minutten duerno koum den éischte Bouf erëm. Amplaz dem anere Jong a mir ze hëllefen, d’Steng drop ze setzen, huet en erëm um Haus gerappt fir et ze zerstéieren.

Mir ass d’Analogie mat den Erwuessene bewosst ginn, wéi ech an der lescht Internetforumen a sozial Netzwierker studéiert hunn. Diskussioune gi guer net méi gefouert. Argumenter, also quasi d’Bausteng vun engem Debat, gi blann ëmgestouss an et léisst ee just nach der Roserei fräie Laf. D’Zerstéierungswut ass grouss bei deenen, déi sech net d’Méi maachen, konstruktiv eppes zu engem Thema bäizedroen oder sech kritesch mat eppes auserneen ze setzen. D'Vox populi ass ausser Rand a Band. Wat d'Leit awer vergiessen: den Anonymat vum Comptoire-Gespréich ass z.B. op Facebook de facto opgehuewen. Frechheete gi mat Numm a Foto dobäi quasi ënnerschriwwen an ëffentlech gemaach, schwaarz op wäiss, konservéiert fir d'Éiwegkeet. Well Facebook vergësst näischt. Meng Hoffnung ass, dass an de sozialen Netzwierker och erëm iergendwann méi Leit de Courage hunn, sech der Hetzjuegd entgéint ze stellen an net zouzeloossen, dass alles platt gemaach gëtt mat eidele Parolen. Kommt, mir loossen de Comptoire am Bistro.

Dat eent friemt Kand krut ech net dovun iwwerzeegt, d’Steng openeen ze setzen. Mä ech géif et awer ëmmer erëm probéieren. Well vläicht versteet et eng kéier, dass een op en Haus méi houfreg ka si wéi op Trümmer a Schierbelen.

Apropos "Eng Zill op déi aner"